Erneierbar EnergienDe gréisste Solarpark vu Lëtzebuerg

Isabelle Henschen
23.415 Photovoltaik-Moduler sinn Ufank September op de Sendestatioune vun RTL Group zu Jonglënster a Beidler installéiert ginn.
De gréisste Solarpark vu Lëtzebuerg / Rep. Isabelle Henschen (8.10.19)
23.415 Photovoltaik-Moduler sinn Ufank September op de Sendestatioune vun RTL Group zu Jonglënster a Beidler installéiert ginn.

Zesummegerechent formen déi zwee Terrainen déi gréisste Solaranlag, déi bis elo hei am Land um Buedem steet. Vu Mëtt nächstem Joer u wäert se a Betrib goen. Pro Joer kann dës eng 7.000 Megawattstonnen (MWh) produzéieren, wat dem Joresverbrauch vu ronn 1.800 Stéit entsprécht. De produzéierten ëmweltfrëndleche Stroum wäert an d'Netz vun der Creos agespeist ginn. Den Ament kann ee soen, dass 10% vum Stroum, deen am Grand-Duché consomméiert gëtt, aus erneierbaren Energiequellen zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt. Aneren ëmweltfrëndleche Stroum gëtt aus den Nopeschlänner importéiert.

Dës Solaranlag baséiert op enger gemeinsamer Investitioun vun RTL Group an Enovos a gouf duerch den éischten Appel d'offres vum Staat vum Februar 2018 fir gréisser Photovoltaikanlagen op Industriefläche ënnerstëtzt. Bis Ufank 2018 goufe virun allem méi kleng Solaranlage vum Staat finanziell gefërdert.

Ugangs September vun dësem Joer huet den Energieministere en zweeten Appel d'offres fir Industriefläche lancéiert. Als Industrieflächen zielen Diecher oder Terrainen, déi net fir d'Landwirtschaft oder d'Bebauung kënne genotzt ginn. D'Firme kënnen hir Flächen entweder fir d'Installatioun vun enger Solaranlag verlounen oder selwer mat investéieren.

Méi Informatiounen iwwert d'Presentatioun vum Appel d'offres um Site vum Energieministère.

Back to Top
CIM LOGO