
Wien nächste Buergermeeschter an der Gemeng gëtt, ass nach net decidéiert. Den Noumer Schäffe Franco Campana sot ons géigeniwwer, hie wier bereet, d'Aufgab z'iwwerhuelen. Hien hat bei de leschte Gemengewalen 2017 eng Stëmm manner wéi de John Mühlen.
Noumer gehéiert zu de klenge Gemengen am Land. Eng 1.400 Awunner deele sech an de véier Uertschafte Kruuchten, Schrondweiler, Glabech an Noumer. De John Mühlen war 2017 Buergermeeschter ginn, virun him war dat de Marc Eicher.