Exklusiven AbléckDe Kampf géint de Coronavirus am Spidol um Kierchbierg

Lynn Cruchten
D’Spidol um Kierchbierg ass eent vun de 4 grousse Spideeler zu Lëtzebuerg, wou aktuell Covid-19-Infizéierter behandelt ginn.
De Kampf géint de Coronavirus am Spidol um Kierchbierg
D’Spidol um Kierchbierg ass eent vun de 4 grousse Spideeler zu Lëtzebuerg, wou aktuell Covid-19-Infizéierter behandelt ginn.

Aktuell këmmert sech d'Personal aus den Hôpitaux Robert Schuman ëm eng 60 Corona-Patienten. 12 leien der momentan do op der Intensivstatioun, dorënner 10, déi musse kënschtlech beotemt ginn. D'Dokteren an Infirmier-Anästhesisten, déi op der Reanimatioun am Asaz sinn, musse sech komplett dicht akleeden a schaffen deemno ënner schwierege Konditiounen.

D'Patienten op der Intensivstatioun sinn op permanent Betreiung ugewisen. An der Moyenne leie si op d'mannst 20 Deeg an der Reanimatioun an och duerno musse si nach laang soignéiert ginn, bis se erëm normal liewe kënnen.

Fir de Risiko vun enger Infektioun mam Coronavirus baussent a bannent dem Spidol op e Minimum ze reduzéieren, gouf um Kierchbierg villes ëmorganiséiert. D'Strooss virun der Haaptentrée vum Spidol ass komplett gespaart an d'Leit gi schonn ier se an d'Klinik eraginn ënnersicht an an 3 Filièren opgedeelt. Dat heescht déi, déi confirméiert positiv Fäll sinn, gi getrennt vun deenen, déi entspriechend Symptomer hunn, awer bis dato just als Verdachtsfäll gëllen. An da gëtt et eben nach eng speziell Filière reng fir déi Leit, déi aner gesondheetlech Problemer hunn, déi näischt direkt mam Coronavirus ze dinn hunn. Souwuel baussent dem Spidol wéi och dobanne ginn déi verschidde Gruppen also vunenee geschützt.

Back to Top
CIM LOGO