Wann et ëm d’Fro geet, wat eigentlech Journalismus ass, kënnt Beweegung an de Klassesall. D’Kanner ginn an zwou Gruppen agedeelt. Déi eng Hallschent vun de Schüler geet an de Gang, déi aner Hallschent kuckt zur Fënster eraus.
Béid Gruppen hunn déi selwecht Aufgab. Si hu ronn 5 Minutten Zäit, fir ze beschreiwen, wat si gesinn a wat hinne besonnesch opfält. Déi eng erzielen eng Geschicht mam Bléck no baussen: wat geschitt am Schoulhaff, wéi ass d’Wieder, gouf et Leit, déi laanscht spadséieren. Déi aner Grupp schreift op, wat am Gang virum Klassesall lass ass. Duerno tauschen déi zwou Gruppen d’Plaz a schreiwen nach eemol hir Andréck op.
De Kanner hir Aussoen an Observatioune ginn op d’Tafel geschriwwen. Op eemol stinn do zwou ganz ënnerschiddlech Versioune vun der selwechter Schoul. An der Diskussioun stellt sech séier d’Fro: Wien huet Recht? D’Äntwert ass net esou einfach, wéi vill Kanner ufanks mengen. Béid Gruppe soen d’Wourecht – an trotzdeem feelen an all Geschicht wichteg Detailer.
Sou erkläre mir hinnen d’Erausfuerderung vum Journalismus. All Journalist huet ëmmer säin eegene Bléckwénkel. Heiansdo feelt de Journalisten d’Zäit, fir alles ze gesinn. Heiansdo gesäit een eppes, ma et schéngt net relevant genuch, fir driwwer ze schreiwen. An heiansdo gëtt och en Aspekt vun der Geschicht an der Redaktioun erausgekierzt, well een de Schwéierpunkt op een anert Element wëll leeën. Do gëtt et kee béisen Hannergedanken, ma dat ass e journalistesche Choix.
Fir d’Kanner gëtt domat kloer: Net all onvollstänneg Geschicht ass automatesch Fake News. Dacks ass d’Realitéit einfach méi komplex. De spillereschen Deel vun der Cours weist hinnen, wéi séier eng Geschicht entsteet a wéi wichteg et ass, méi wéi eng Perspektiv ze sichen, éier ee sech eng definitiv Meenung mécht.