Japan Airlines huet annoncéiert, datt ee fir humanoid Roboter wäert testen, fir Aarbechte vum Buedempersonal ze iwwerhuelen. D'Tester fänken am Mee um Fluchhafe vun Haneda zu Tokio un a sollen iwwer zwee Joer goen. D'JAL schafft bei dësem Projet mat sengem technologesche Partner GMO AI and Robotics zesummen.
D'Roboter solle bei enger grousser Unzuel un Aarbechten an den Asaz kommen, wat vum Verluede vum Gebäck bis bei d'Botze vun de Kabinne soll goen. Mat dësem Schratt wëll een d'Chargen, déi ee fir d'Personal muss ausginn, erofschrauwen an iwwerhaapt op d'Penurie vu Mataarbechter am Secteur reagéieren.