D'Regierung huet d'Press op de Knuedler invitéiertLuc Frieden fënnt de mënschlechen Aspekt ganz wichteg, "onofhängeg vun de politesche Meenungen"

Céline Eischen
Pit Everling
Et ass scho bal eng Traditioun um Mäertchen, datt d'Regierung d'Press op en Iessen invitéiert.
Traditioun um Mäertchen
D'Regierung huet d'Press op de Knuedler invitéiert

Et ass en traditionellen informelle Rendez-vous. D'Regierung an d'Press gesi sech fir e Maufel um Mäertchen. E Mëttwoch de Mëtteg souzen d'Ministeren an d'Journalisten op en Neits um Knuedler beieneen. Et geet manner ëm dat politescht, mä méi ëm dat mënschlecht.

Extrait Luc Frieden

"An ech mengen och grad, datt an Zäite vun schnellen Informatiounen duerch d'sozial Medien, déi professionell Press och eng ganz wichteg Roll huet," huet de Premier Luc Frieden gesot. "Hei sëtze mer jo net zesumme mat Leit, déi an de soziale Medien hir eege Press produzéieren, mee dat sinn organiséiert Presseorganer, déi eng gewësse Linn hunn. An ech mengen, et ass gutt, mat deenen ze echangéieren, och wa mer haut, mengen ech net grad esou seriö, vläicht, nëmme schwätze wéi op enger Pressekonferenz, et geet och ëm dat Mënschlecht. An ech fannen, an enger Gesellschaft ass dee mënschlechen Aspekt, dat Zesummeliewen hei zu Lëtzebuerg och ganz wichteg, onofhängeg vun de jeeweilege politesche Meenungen."

De Mäertche wier manner d'Plaz fir iwwer individuell politesch Dossieren ze schwätzen, fënnt de Luc Frieden. Just esou vill: De Koalitiounsprogramm wäert ëmgesat ginn, seet de Premier. Zu den Detailer vun der Tripartite wollt weder hien nach de Vize-Premier Xavier Bettel sech äusseren. Fir de liberalen Ausseminister ass et wichteg, datt hei net deen ee géint deen aneren ausgespillt gëtt.

Extrait Xavier Bettel

"Mir wëssen, dass et am Moment fir d'Betriber och schwéier ass. An och fir eng Rëtsch vu Leit schwéier ass. An et soll een ophalen, ze mengen, dass wann et de Betriber schlecht geet, dass et dann de Leit besser geet. A wann et de Leit schlecht geet, de Betriber da gutt geet. Ech hunn dat zéng Joer laang probéiert, wierklech jidderengem dat ze erklären. Wann et de Betriber gutt geet, da geet et de Leit am Betrib gutt. A wann et de Leit am Betrib gutt geet, da geet et dem Betrib och gutt. An ech hunn einfach déi kämpf net gär, wou een d'Gefill huet, dass ee géint deen aneren geet. Eis Stäerkt ass eeben, dass een zesummenhale kann."

Back to Top
CIM LOGO