E kuerzen HistoriqueDe laange Wee zu de Sozialwalen

Diana Hoffmann
Den 12. Mäerz sinn déi gréisste Walen am Land. Iwwer 600.000 Mënsche kënne bei dëse Wale matmaachen.
D'Geschicht vun de Sozialwalen
Eng Historikerin vun der Uni.lu bléckt zeréck op d’Gewerkschaftsgeschicht zu Lëtzebuerg.

Virun 100 Joer gouf souzesoen de Grondstee fir d’Chambre des Salariés (CSL) geluecht, déi haut iwwert de Wee vun de Sozialwalen zësummegestallt gëtt. Am Abrëll 1924 goufen d’Chambre de travail fir d’Aarbechter an d’Chambre des employés privés fir d’Privatbeamte gegrënnt. De Rôle vun dëse war, dem Parlament Gesetzer ze proposéieren oder Avisen zu Gesetzer ofzeginn.

Historique Sozialwalen / Reportage Diana Hoffmann

Ugangs hu just Mënsche mat Lëtzebuerger Nationalitéit dierfe wielen. An den 80er Joren hunn awer och Net-Lëtzebuerger Residenten a Frontalieren d’Walrecht bei de Sozialwalen agefuerdert. D’Argumentatioun war, dass schliisslech och si géinge Cotisatioune bezuelen, wéi d’Estelle Berthereau, Chercheure op der Uni Lëtzebuerg erkläert. Ënnerstëtzt goufe si dobäi vun Associatioune wéi der Asti oder der Amicale des travailleurs belges.

Eréischt 1993 kruten dunn och d’Net-Lëtzebuerger Residenten a Frontalieren den Droit de vote bei de Sozialwalen. “D’Walbedeelegung war awer relativ kleng, verglach mat der Ufankszäit vun de Chamberen”, betount d’Estelle Berthereau. Dëst hätt awer och mam Changement vun der ekonomescher Opstellung vum Land ze dinn. An der Stolindustrie wier d’Participatioun zum Beispill ëmmer ganz héich gewiescht. E Secteur, deen awer no an no u Wichtegkeet verluer huet.

Viru 16 Joer, den 13. Mee 2008, gouf dann e Gesetzesprojet an der Chamber ugeholl, fir den Zesummeschloss vun der Chamber vun de Privatbeamten an där vun den Aarbechter zu der Chambre des Salariés. Geduecht war dëst an éischter Linn fir en Eenheetsstatut anzeféieren an Inegalitéiten tëscht deenen zwou Beruffsgruppen auszegläichen.

Bei de Sozialwalen dierfen all d’Leit, déi am Privatsecteur schaffen oder geschafft hunn, wielen an deemno all 5 Joer hir Stëmm ofginn. Gewielt gi 60 Gewerkschaftler, déi si an der Chambre des Salariés vertrieden. Dës ass an 9 Beruffsgruppen ënnerdeelt. Déi fir d’Eisen-a Stolindustrie, aner Industrien, Bauwiesen, Finanzsecteur, aner Servicer, ëffentlech Administratiounen an Entreprisen, Gesondheet a Soziales, national Eisebunnsgesellschaft an déi vun de Pensionären.

Nei dëst Joer ass, dass Salariéë vu 16 Joer un a Chômeuren, déi hei am Land eng Indemnitéit kréien, och kënne mat wielen.

Back to Top
CIM LOGO