Ausseruerdentleche KongressDe Landesverband soll en autonoomt Syndicat vum OGBL ginn

RTL Lëtzebuerg
Mat enger Zoustëmmung vu ronn 76,2% gouf um ausseruerdentleche Kongress "d’Intensivéieren an d’Ofséchere" vun der Zesummenaarbecht mam OGBL guttgeheescht.

Ronn 76,2% dofir, 17,1% dogéint a 6,7% Enthalungen: Dat war d'Resultat e Méindeg um ausseruerdentleche Kongress vum Landesverband, zur Fro, ob een d'Zesummenaarbecht mam OGBL intensivéieren an ofséchere wéilt. Domat sinn emol beim FNCTTFEL d'Weiche gestallt, fir an den Onofhängege Gewerkschaftsbond integréiert ze ginn. Virun eppes méi wéi zwee Joer hat ee beim Landesverband en éischte wichtege Schrëtt an déi Richtung gemaach.

Landesverband / Rep. Eric Ewald (3.12.19)

De President Georges Merenz huet drun erënnert, dass d'Verbandsleedung am Oktober 2017 den Optrag krut, Gespréicher mam OGBL ze féieren.

PDF: Resolutioun um ausseruerdentleche Kongress Landesverband (2.12.19)

Back to Top
CIM LOGO