
Den aktuelle Maacher CSV-Buergermeeschter Léon Gloden ass Spëtzekandidat fir seng Partei bei de Gemengewalen am Juni. Dat deelt d'CSV Gréiwemaacher um Samschdeg de Moie per Communiqué mat.
Op der Lëscht si 6 Fraen a 5 Männer, 5 Leit sinn aktuell am Gemengerot. D'Altersmoyenne läit bei 51 Joer.