De Lëtzebuerger Assurancë-secteur ass gesond, och wann et bei de Primme méi lues geet ewéi zejoert. Dat seet de Marc Hengen, administrateur-délégué vun der Associatioun vun den Assurancen, ACA. Hie war um Donneschdeg am Kader vum Insurance day den Invité vun der Redaktioun .
Lëtzebuerg huet sech am Export spezialiséiert, vill Cliente kommen also aus dem Ausland, do si mer notamment am Beräich Verméigensverwaltung. De grousse Maart dobausse wier awer wéinst puer Skandaler ënner Drock an de groussen Defi wier deen, datt Lëtzebuerg no bausse kloer mécht, datt een eng seriö, experimentéiert a qualitativ héichwäerteg Assurancëplaz ass.
Wat de Brexit ugeet géifen et positiv Effete fir Lëtzebuerg ginn.
Genee Chiffere kann een nach net nennen, mä et kann een dovunner ausgoen, datt fir d'Iwwerschwemmunge vum Juni ronn 8 Milliounen € ausbezuelt gi sinn.
D'Assurancë bidden zënter dem leschte Joer en zousätzleche Produit un, fir eng Couverture déi méi wäit geet, am Fall vun Iwwerschwemmungen. Dës zousätzlech Versécherung leeft gutt, esou de Marc Hengen.
Dat selwecht gëllt fir d'Zousazpensiounen. D'Plafonge goufe jo mat der Steierreform gehéicht. Et goufen an der Suite 11% méi Kontrakter ofgeschloss. Et lafen där elo 81'000 fir e Primmen-Opwand vun 119 Millioune pro Joer, wat e Plus vu 17% ass. D'Assureure geréiere bei den Zousazpensiounen Erspuertes vu knapp enger Milliard €.
En Donneschdeg de Moie war den Administrateur-délégué vun der ACA eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.