Donieft goung et awer och ëm den emotionalen Zoustand vun eiser Gesellschaft no iwwer engem Joer Corona a Social distancing an och d’Gerechtegkeet war een Thema am Politmonitor.
Wann d’Wieler iwwer den Zoustand vun der Lëtzebuerger Gesellschaft nodenken, da sinn ongeféier d’Hallschent der Meenung, dass et gerecht zougeet an déi aner Hallschent ass der Meenung, dass et ongerecht zougeet.
Interessant sinn do besonnesch d’Profil-Ënnerscheeder, wéi den Tommy Klein vun TNS-Ilres erkläert:
“Do si virun allem déi Jonk, déi méi heefeg der Meenung sinn, dass et gerecht zougeet. Et sinn och déi Stéit, déi ee méi héicht Akommes hunn, déi méi oft vun engem gewësse Gerechtegkeetssënn iwwerzeegt sinn. An et sinn éischter déi, déi méi Schwieregkeeten hunn an déi ee manner héicht Akommes hunn, déi méi oft dovun iwwerzeegt sinn, dass et ongerecht an dëser Gesellschaft zougeet. Wann een an d’Stammwielerschafte kucke geet, da gesäit een, dass et eng Stammwielerschaft ass, déi e bësse vun der Moyenne offält, dat ass déi vun der DP. Do ass ee vill méi oft der Meenung, dass et gerecht an dëser Gesellschaft zougeet.”
Vun der Gerechtegkeet ass et net wäit bis bei d’Suergen an d’Lëtzebuerger maache sech am Allgemenge vill Gedanken. Zwee Drëttel vun de Befroten hunn op d’mannst 5 Suergen uginn, déi si beschäftegen. Do dominéiert - mat groussem Ofstand - virun allem een Thema.
“Dat ass den Zougang zu bezuelbare Wunnengen, deen an allen Alterskategorien an alle Stammwielerschafte ganz kloer als éischt wichteg Thematik erausstécht. Et ginn awer och nach aner Thematiken, déi wichteg sinn zu Lëtzebuerg a wou sech d’Wielerschafte grouss Suerge maachen. Dat sinn Themen, déi och domadder kënnen a Verbindung stoen. Dat sinn zum Beispill Zukunftschancë fir hir Kanner. Dat ass eng Präisdeierecht, déi och vu 45 Prozent no vir gestallt ginn ass an da ginn et awer och nach esou Theme wéi den Zouwuess vum Trafic an d’Folge vum Klimawandel.“
Am November, wou d’Land matzen an enger 2. Well vun der Corona-Pandemie war, hu sech d’Wieler awer och nach méi iwwer aner Sujete Suerge gemaach. Dat ass elo net méi sou staark de Fall.
Den Tommy Klein:
“Par Rapport zum November 2020 gesi mer, dass sech, wat d’Sécherheet vun den Aarbechtsplazen an och d’wirtschaftlech Situatioun vum Land ugeet, laut d’Wieler, d’Situatioun e bësse berouegt huet. Mir hu virun allem bei der wirtschaftlecher Situatioun zu Lëtzebuerg elo nëmmen nach d’Hallschent vun deenen, déi dat am November behaapt hunn, déi elo nach soen, dass dat eng grouss Suerg ass. Wat natierlech net heescht, dass et net och e wichtegt Thema sollt sinn.“
Weider Sujeten, ëm déi sech Suerge gemaach gëtt, sinn de Verloscht vun der Lëtzebuerger Sprooch a och d’Entwécklung vun der Sécherheet hei am Land.
Wat d’Gestioun vun der Coronakris ugeet, sou gesäit een, dass allgemeng d’Wieler d’Aarbecht vun der Regierung gutt fannen a parallel och d’Vertrauen an d’Regierung, fir d’Land aus dëser Kris erauszeféieren, héich ass. Ma do kann een awer besonnesch zäitlech Ënnerscheeder feststellen, erkläert den Tommy Klein.
“Mir hate ganz am Ufank vun der Pandemie festgestallt, dass d’Zefriddenheet, wéi ee mat der Covidkris ëmgaangen ass, fir immens vill Zefriddenheet gesuergt huet. Dës Zefriddenheet ass erofgaange mat der Zäit bis Mëtt September bis November, well méi Leit net méi d’accord waren, sief et mat de Lackerungen, déi komm sinn kuerz virum Summer, sief et mat gewësse Mesuren, déi net fir streng genuch gehale gi sinn nach am Hierscht lescht Joer. Säitdeem hu mer awer nees eng Tendenz, déi eropgeet. Säitdeem komme Lackerungen, sief et mat der Ouverture vun de Geschäfter, sief et mat den Ouverturë virun allem vun der Restauratioun, déi dofir gesuergt huet, dass mer elo erëm op engem Niveau sinn, wou eng grouss Majoritéit seet, dass d’Regierung insgesamt eng gutt Aarbecht leescht.“
Eng ganz wichteg Fro, déi an dësem Politmonitor gestallt gouf – an déi och nach an Zukunft dierft eng Roll spillen – ass d’Fro nom emotionalen Zoustand vun de Wieler no iwwer engem Joer Kontaktbeschränkungen, Mondschutz an Ofstand halen.
“Do koum awer ganz kloer eraus, dass trotz de rezente Lockerungen ëmmer nach 60 Prozent vun de Leit sinn, an virun allem déi Jonk, déi sech immens belaascht fille vun dësem Zoustand.“
Bei Jonken am Alter vun 18-24 Joer hunn 73 Prozent uginn, sech (éischter) belaascht ze fillen. Bei den 25-34 Järege sinn et der 72 Prozent. Och tëscht 35 a 44 Joer sinn et 65 Prozent an 63 Prozent tëscht 45 a 54 Joer. Eréischt am Alter vu 55 Joer u sinn et méi Leit, déi uginn hunn, sech (éischter) net belaascht gefillt ze hu wéi där, déi sech duerch déi sanitär Mesuren däitlech belaascht gefillt hunn.
Eng aner interessant Fro, déi an dësem Politmonitor gestallt gouf, ass, wéi zefridden d’Leit mat der Vitess vun der Impfcampagne sinn. Do gesäit een däitlech Ënnerscheeder.
Den Tommy Klein:
“Par rapport zum Mäerz 2021, wou mer nëmmen ¼ hate vun de Leit, déi d’accord waren, dass zu Lëtzebuerg schnell genuch geimpft gëtt. Wou mer elo mëttlerweil an der Moyenne op 55 Prozent sinn an och do geet d’Zoustëmmung mam Alter ganz kloer erop an et sinn elo am Verglach méi Leit der Meenung, dass zu Lëtzebuerg schnell genuch geimpft gëtt.“
Sollen déi geimpft Persoune méi Rechter kréien? Och do ass et keng Iwwerraschung, dass eeler Leit do bei Wäitem méi domat d’accord sinn an och däitlech méi Léit mat engem héije Bildungsniveau.