Komplementarwalen an der Gemeng BechChristian Turk a Rafael Fernandes goufen an de Gemengerot gewielt

Andy Brücker
Nieft der Fiels waren och Komplementarwalen zu Bech.
© RTL

Am Januar krut Bech en neie Schäfferot. Am Huis clos hat de Conseil de Max Pesch zum neie Buergermeeschter gewielt. Wärend den Norbert Classen als Éischte Schäffen am Schäfferot bliwwen ass, ass d'Jeanne (genannt Bibi) Wintersdorf nei Zweet Schäffin ginn. Sechs vun den néng Conseilleren hate fir deen neie Schäfferot gestëmmt.

Enn Dezember war dee viregte Schäfferot ronderëm d'Buergermeeschtesch Jill Goeres duerch eng Motion de censure gestierzt ginn, dat nodeems virdru schonn de Budget fir 2026 refuséiert gi war. D'Jill Goeres an d'Schäffin Nathalie Wohlfart haten aus dem Gemengerot demissionéiert, wouduerch et dëse Sonndeg dann zu Komplementarwale komm ass.

Bei dëse waren et de Christian Turk (275) an de Rafael Fernandes (266), déi déi meeschte Stëmme kritt hunn, wouduerch si dann an de Gemengerot kommen. De Jacques Schuler koum op 215 Stëmmen.

Weider Demissioun

An Tëschenzäit huet iwwerdeem och den Emile Bohnenberger aus dem Gemengerot demissionéiert. Et ass awer nach net kloer, ob nach eng Kéier Komplementarwalen organiséiert ginn. Dat decidéiert de Gemengerot, wann en elo a senger neier Zesummesetzung fir d'éischt beienee kënnt.


Liest och dëst zum Thema

Back to Top
CIM LOGO