16 Kandidaten hate sech gemelltDe Marc Gerges gëtt neien Direkter vum Radio 100,7

RTL Lëtzebuerg
Vum 1. Juli un, spéitstens dann, wéi et an engem Schreiwes heescht, soll den 51 Joer ale Marc Gerges Direkter vum Radio 100,7 ginn.

16 Kandidaten hate sech gemellt, 6 haten der et an déi méi enk Selektioun gepackt.

Den 51 Joer ale Marc Gerges huet an der Vergaangenheet ënner anerem als Journalist geschafft an an als Kommunikatiounsberoder. Hie war virdru bei RTL, dem "Land", dem "Quotidien", Luxair Group a bei Maison Moderne.

PDF Schreiwes Radio 100,7

Back to Top
CIM LOGO