Invité vun der Redaktioun (17. Januar)De Marco Wagener iwwer d'Produktivitéit

RTL Lëtzebuerg
Invité e Mëttwoch ëm 10 op 8 war de President vum Wirtschafts- a Sozialrot.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Marco Wagener
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Lëtzebuerg ass am internationale Verglach eent vun de produktiivste Länner.

De Marco Wagener, President vum Wirtschafts-a Sozialrot, huet e Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview erkläert, datt Produktivitéit awer net nëmme quantitativ gemooss gëtt, well et spillen nach ganz vill aner Facteure mat, mat deene Plus-value geschaaft gëtt. An déi berechnen, ass eng komplex an zäitopwenneg Aarbecht.

De Wirtschafts- a Sozialrot ass jo e berodend Organ vun der Regierung an huet rezent säin Avis iwwert d'Produktivitéit erausginn. Recommandatioun am Avis sinn: Héich Investissementer an Infrastrukturen a Formatioun, an och d'Salariéë solle méi mat agebonne ginn. Dat géif der Produktivitéit och laangfristeg zegutt kommen, sou den CES-President Marco Wagener.

Eng weider Recommandatioun ass Ongläichheeten tëscht Aarm a Räich bekämpfen, fir datt d'Leit eng Perspektiv hunn an esou motivéiert sinn, fir produktiv ze sinn.

Invité e Mëttwoch ëm 10 op 8 war de President vum Wirtschafts- a Sozialrot.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO