
Op hirem Nationalkongress a Clausen huet d’JDL gefuerdert, datt déi geplangte Mobiliséierungssteier fir onbebautent Bauland méi héich muss sinn, datt d’Regierung méi Wunnengen zum “Prix de revient” um privaten Immobiliëmarché opkeeft, datt déi geplangte Reform vum Mietgesetz komplett iwwerschafft gëtt an datt e Recht op Teletravail agefouert gëtt.