Stater Gemengerot stëmmt PAPDe Michel Lucius plënnert 2028 op de Kierchbierg

Claudia Kollwelter
De Lycée Michel Lucius soll op de Kierchbierg plënneren. A fréistens dräi Joer sollen d'Aarbechten ufänken.
De Michel Lucius plënnert 2028 op de Kierchbierg
De Lycée Michel Lucius soll op de Kierchbierg plënneren. A fréisten 3 Joer sollen d’Aarbechten ufänken.

Eng 1.800 Schüler solle spéider hei an d’Schoul goen. 46 Klassesäll, 40 Spezial-Säll an 8 Ateliere sinn hei um Site geplangt. Net e Lycée ass geplangt, ma e ganz neie Wunnquartier soll um nërdlechen Deel vum Kierchbierg entstoen. Fir dëse Quartier gëtt dann och eng ganz nei Tramsstreck gebaut.

De Lycée Michel Lucius ass elo mol deen éischte Projet, dee soll realiséiert ginn. 2028 kéinten déi éischt Jonker hei an d’Schoul goen.

Back to Top
CIM LOGO