
De Romain Becker huet am Educatiounsministère geschafft a souz zanter 1994 mat just enger Ënnerbriechung vu 6 Joer fir déi Gréng am Péitenger Gemengerot. D’lokal Sektioun vun déi Gréng schwätzt op Facebook vun engem Member vun der éischter Stonn, dee sech mat Leif a Séil fir déi gréng Cause engagéiert a sech absënns fir d’Ëmwelt an d’Jugend agesat hätt.
Aktuell sinn déi Gréng mat zwee Conseilleren am Péitenger Gemengerot vertrueden.
Mat schwéierem Häerz muss d’Sektioun vun der fënneftgréisster Gemeng dem laangjärege Conseiller Romain Becker lo Äddi soen.