Legaliséiere vum CannabisDe Pionéier Norbert Eilenbecker iwwert d'Schaffe mat Hanf

RTL Lëtzebuerg
Bis 2021 wëll d'Regierung de Cannabis komplett legaliséieren. Nëmme fir volljäreg Residenten, de Konsum op ëffentleche Plazen ass awer verbueden.
Legaliséiere vum Cannabis
Bis 2021 wëll d’Regierung de Cannabis komplett legaliséieren. Nëmme fir volljäreg Residenten, de Konsum op ëffentleche Plazen ass awer verbueden.

Zu Lëtzebuerg soll den Ubau, d’Verkafen an de Konsum vum Cannabis komplett legaliséiert ginn.

Mir wären dann dat éischt Land an Europa, a no Kanada an Uruguay, dat Drëtt op der Welt, dat op de Wee geet.

Och de Lëtzebuerger Commerce interesséiert sech fir de Sujet a freet, ob d’Legaliséieren eng Chance fir d’Ekonomie ass.

D’Handelskonfederatioun huet derzou eng Table Ronde zu Kaalber organiséiert. Den Interessi ass grouss, ma et bleiwen awer nach vill Froen.

Kaalber amplaz Kanada!

Dat seet den Norbert Eilenbecker. Bal 25 Joer, baut hien zu Kaalber Hanf un a verschafft en.
Deen net Psycho-aktiven, mat ganz wéineg THC awer vill Cannabidiol. Dat entspaant.

Aus dem Hanf gëtt dann Ueleg oder Téi gemaacht.

Den Norbert Eilenbecker fënnt et schued, datt Lëtzebuerg säi medezinesche Cannabis an Nordamerika a net an den Norde vu Lëtzebuerg siche geet.

“Mir ware viru 9 Joer déi éischt mat CBD-Extrakt. Och déi éischt an Europa. Mir goufen ausgebremst an d’Kanadier hu sech breet gemaach. Mir kéinte schonn eng Industrie hei stoen hunn”.

D’Legaliséiere bréngt awer sécher nei Opportunitéiten.

Ma, nach feelt et u konkreten Informatiounen: “Mir brauche Sécherheet, mir wësse jo net wat decidéiert gëtt”.

Vill Froe jo, awer och vill Interessi bei de Geschäftsleit, seet de Fernand Ernster vun der Handelskonfederatioun: “Vill am House of entrepreneurship sinn interesséiert, fir auszebauen an ze kommerzialiséieren”.

Eng Chance och fir d’Baueren.

Dat mengt de Landwirtschaftsminister Romain Schneider: “D’Hanf-Planz ass gutt fir d’Diversifikatioun vun der Landwirtschaft, och gutt fir a Waasserschutzgebidder unzebauen, se brauch kee Planzeschutzmëttel. Se gedeit och gutt an onse Géigenden.”

De Gesondheetsminister Etienne Schneider well de Projet op alle Fall virundreiwen: “Am Hierscht soll e Projet an de Regierungsrot kommen, da komme Gesetzer”.

Dernieft si Gespréicher mat den Nopeschlänner néideg, fir hinnen d’Angscht virun Drogentourismus ze huelen.

Et bleift deemno nach villes ze klären. Eréischt da kann ee soen, datt d’Legaliséiere vum Cannabis eng Chance fir d’Lëtzebuerger Ekonomie ass.

Back to Top
CIM LOGO