
Wéi d'Lëtzebuerger Wort um Samschdeg de Moie schreift a sech dobäi och op en Artikel am Quotidien berifft, géifen et konkret Iwwerleeungen am Justizministère fir d'Gebai, dat Enn de 70er, Uganks den 80er Jore gebaut gouf, net méi ze renovéieren, ma direkt nei ze bauen. De Prisong wier deels an engem immens schlechten Zoustand an hei kéint kaum nach en zäitgeméissen an effikasse Prisong gefouert ginn.
Et wier d'Iddi de Prisong an Etappen ofzerappen a Stéck fir Stéck erëm opzebauen, wärend den normale Prisongsbetrib weider leeft. Dat wier méiglech, wann d'Hallschent vun deene 600 Inhaftéierten an deen neie Prisong zu Suessem ka plënneren, wann dee wéi geplangt 2023 opgeet.
Wéi d'Wort schreift, wieren d'Iwwerleeungen an de betraffene Ministère schonn zimmlech konkret. Op Wort-Nofro hin huet d'Justizministesch Sam Sanson dann awer gemengt, et wier een nach an engem ganz fréie Stadium vun de Reflexiounen an et wieren nach keng Prozeduren entaméiert ginn. Si seet awer och, dass en Neibau mat méi klengen Eenheeten den Idealfall wier. Am Virfeld misst awer gepréift ginn, wéi een dat kéint ëmsetzen an da misst de Projet och nach den normalen Instanzewee duerchlafen. Et wier een nach net esou wäit, dass ee konkret Pläng hätt, sou d'Sam Tanson.
