D’Regierung huet jo d’lescht Woch per Gesetzprojet proposéiert, datt een an Zukunft net méi 5%, mee just nach 3,5% vum investéierte Kapital kann als Loyer froen. Bei der CSV ass déi Propos “batter opgestouss”, sou de Marc Lies. Den CSV-Deputéierten a Buergermeeschter vun Hesper huet virop kritiséiert, datt d’Chamber-Logementskommissioun nëmme ganz kuerzfristeg informéiert gi wier.
Dës Mesure ass eis batter opgestouss, sou de Marc Lies am RTL-Interview. Hien ass och Vize-President vun der Logementskommissioun. Dës Kommissioun wier och nëmme ganz kuerzfristeg iwwert den Text informéiert ginn an et wieren nach ëmmer vill Froen op.
Fir d’Oppositiounspartei, mee och fir vill Leit géinge sech virun allem elo vill Froe stellen. De Marc Lies huet un engem Beispill erkläert: wann ee virun 12 Joer eng Wunneng vun 80 Meter Carré fir 375.000 Euro kaf huet, da konnt een deemools e Loyer vu maximal 1.560 Euro froen. Elo géing dat gedeckelt ginn op 1.093 Euro. Den CSV-Deputéierte fäert, datt et fir vill Proprietäre vu Locatiounswunnengen elo méi rentabel géing ginn, d’Wunneng ze verkafen.
Déi Rechnung vum Marc Lies wier falsch, esou d’Reaktioun vun der Regierung. Liest derzou d’Schreiwes weider ënnen.
Den CSV-Deputéierte kritiséiert, datt duerch d’Miet-Brems Investitiounen an de Stee fir Privatleit ëmmer manner interessant géife ginn, also manner Wunnenge kaaft ginn, fir ze verlounen.
De Marc Lies huet zouginn, datt een net kéint pauschaliséieren, well et vill Proprietäre ginn, déi vill vun héije Loyere profitéiert hunn, ouni musse vill Prêt zeréckzebezuelen. Trotzdeem ass hien der Iwwerzeegung, datt d’Propos vun der Regierung wäert bis an d’Mëttelschicht ze spiere sinn. D’Ännerungen um Capital investi wieren eng Verdäiwelung vum privaten Invest an d’Locatioun, sou de Marc Lies. Hie versteet net, firwat de privat Secteur net méi an d’Gestion locative sociale matagebonne géing ginn. E Marché tëscht sozial a private Wunnengsmaart, wou d’Proprietären zu abordabele Präisser verlounen an a Géigepartie 50% vun de Steiere kënnen ofsetzen.
Nieft den ëffentleche Promoteure wieren awer och déi Privat néideg.