Och d’Zukunft vun Europa stéing um Spill. D’Europäesch Wäerter misste geschützt ginn. Viru Populisten, déi iwwer d’Desinformatioun Staaten destabiliséiere wéilten. An een dovunner ass Moldawien, gequëtscht tëscht Fridden a Krich. Tëscht Rumänien ... an der Ukrain.
D’Maia Sandu, Presidentin vu Moldawien:
“Moldawien ass haut sécher, dank dem Courage vum ukrainesche Vollek. Si verdeedegen hiert Land a schützen domat och ons. Dofir si mir dankbar. Mir wëssen all d’Hëllef, déi un d’Ukrain geet, ze schätzen. A mir hoffen, datt d’Ukrain och weider ënnerstëtzt gëtt. Ech maachen en Appell un all d’Staaten, dat elo ze maachen. Well de Putin wäert net ophalen, bis hie gestoppt gëtt. Mir wëllen Deel vun der fräier Welt sinn, alle béid. Moldawien an d’Ukrain. Mir wëllen ons Demokratie stäerken a Member vun der Europäescher Unioun ginn.”
Vertrieder vu Volleksparteien aus 44 Staate sinn den Ament zu Bukarest zesummen, dorënner 12 europäesch Staats- a Regierungscheffen. Eng Geleeënheet, wou vill hannert de Kulissen diskutéiert gëtt. Eng vun de Boxen, an där et am meeschte Gedrécks gouf, war déi vu Moldawien. Op den Dag eng Woch nodeems déi pro-russesch Separatiste vun Transnistrien Schutz vu Moskau ugefrot hunn.
''D’Situatioun ass stabel. Dat ass eng vun onse Prioritéiten, zanter dem Ufank vun der russescher Aggressioun géint d’Ukrain. A virop an der Regioun vun Transnistrien. Russland kann den Ament net vill ënnerhuelen an Transnistrien. Russland wëll ons demokratesch Prozesser ënnerhillegen. Russland wëll pro-russesch Politiker, Politiker, déi pro-Kreml sinn, zu Kichinau. Fir Moldawien géint d’Ukrain ze benotzen. Ma dat moldawescht Vollek huet sech entscheet: Si wëllen Deel vun der fräier Welt sinn. A weider haart schaffen, fir dat och ze erreechen. ''
Am Dezember d’lescht Joer huet d’EU-Bäitrëttsverhandlunge mat ënner anerem der Ukrain a Moldawien opgeholl. E Schrëtt, fir deen d’Maia Sandu um Mëttwoch och Lëtzebuerg perséinlech Merci gesot huet. Et géif een elo intensiv u sengen Hausaufgabe schaffen. All Ënnerstëtzung géif elo schonn appreciéiert.
“De Krich huet e signifikanten Impakt op d’Wirtschaft vu Moldawien. Mir wëllen ëmmer méi an d’EU integréiert ginn. Dat heescht, Brécke bauen. Stroossen. Mir wëllen un Infrastruktur-Projeten deelhuelen. D’EU soll ons weider am Kampf géint d’Korruptioun ënnerstëtzen. D’EU huet ons gehollef, mat Sanktioune géint déi, déi probéiert hunn, Moldawien ze destabiliséieren. D’EU hëlleft ons a mir zielen och op dee Support, an der Zukunft. ''
Mir mussen handelen. Um EVP-Kongress goufe Resolutiounen ugeholl, fir dat sech d’Volleksparteie weider nach méi intensiv asetzen, fir Sanktioune géint Moskau a seng Handlaanger duerch ze setzen. Wann néideg souguer nei Weeër an deem Sënn ze sichen. Um Enn dierft just ee gewannen. Déi fräi Welt.