Zanter dem 9. Mäerz iwwersetzt an enregistréiert d’Dasha Petrykova d’Noriichtentexter vum Radio Ara fir hir Landsleit. Si selwer ass réischt virun 2 Woche mat hirer Mamm an der Groussmamm ukomm. D’Famill wunnt lo hei beim Dasha sengem Brudder.
“Ech weess vill iwwer Lëtzebuerg, well ech schonn dacks hei war. Dofir sinn ech frou, den Ukrainer ze hëllefen, sech erëmzefannen. Verschiddener si fir d’éischt an dësem Deel vun Europa, kenne sech net aus a wëssen net wat maachen.”
D’Noriichtebléck daueren ëm déi 3 Minutten a ginn 3 Mol den Dag diffuséiert. Déi national Aktualitéit och fir déi ukrainesch Communautéit am Land accessibel maachen - fir de multikulturelle Radio eng Selbstverständlechkeet, erkläert d Coordinatrice Lisa McLean.
“Mir hunn ëmmer reagéiert op Ännerungen an der Gesellschaft. Englesch war am Ufank och just eng Minoritéitesprooch. Viru 6-7 Joer war et evident fir eis, datt Arabesch noutwendeg wär, dunn hu mir eng arabesch Show kritt. An Tëschenzäit hu mer verschidde Showen a verschiddene Sproochen.”
Vun nächster Woch u wäert d’Irina Skrypak all Méindeg eng Stonn Sendung op ukrainesch maachen. An hirer Emissioun wëll si ukrainesch Kultur, Gedichter a Musek spillen, grad ewéi Informatiounen iwwer d’Educatioun, d’Uni.lu a Weiderbildungsméiglechkeeten hei am Land ginn.
D’Iryna Skrypak - lieft bei enger Gaascht-Famill:
“Ech hoffen de Leit Hoffnung mat ze ginn. An eppes fir d’Häerzer ze wiermen.”
Déi 43 Joer jonk Kulturjournalistin koum de 5. Mäerz vu Kiew op Lëtzebuerg. Hir Eltere liewe 500km ëstlech vun der Haaptstad – ze wäit ewech, fir sech mat der Duechter zesummen op de Wee ze maachen. D’Iryna koum mat hirer Kaz bei enger Gaascht-Famill ënner. Hir ass et wichteg, och hei an hirem Beruff weiderschaffen ze kënnen - wann och op benevoller Basis - an iwwer hiert Land a hir Kultur ze schwätzen.
“Et ass ganz wichteg, well ech konnt mer ni virstellen, datt ech enges Daags e Flüchtling wär. Ech wëll meng Aarbecht weidermaachen, dat, wat ech am beschte kann, dat ass fir mech immens wichteg.”
D’Dasha wëll - wann nëmme méiglech - ugangs Abrëll nees zréck an d’Ukrain an hir Heemechtsstad Dnipro. D’Stad wier nach relativ gutt drun, si hätt hir Wunneng u Leit geléint, déi an der Stad Schutz gesicht hunn.
“Ech wëll de Leit hei hëllefen, mee et ass awer net dat selwecht, wéi wann s du an denger Heemecht kanns sinn an denge Leit hëllefs, z’iwwerliewen.”