
D’Shoura rifft fir dëse Ramadan d’Gleeweger zur Guttaartegkeet op. Der Shoura no, liewen hei am Land tëscht 18 an 20.000 Moslemen.
Gleeweg Moslemen verzichten am Ramadan soulaang d'Sonn do ass op Iessen, Drénken, Fëmmen an op Sex. Wann d'Sonn ënnergeet, komme se beienee fir d'Faaschten ze briechen. D'Liewe verlagert sech deemno dacks an den Owend, respektiv an d'Nuecht.
1,5 Milliarde Mosleme gëtt et weltwäit.