Cours "Brandausbréch am Haus"De richtegen Ëmgang mat Feierläscher a Läschdecke léieren

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS bitt gratis Coursen uechtert d'Land un, fir d'Leit op den Eeschtfall virzebereeden. Mir waren eis de Cours op Gaasperech am CNIS fir Iech ukucken.
Coursen "Brandausbréch am Haus"
De CGDIS bitt gratis Coursen uechtert d’Land un, fir d’Leit op den Eeschtfall virzebereeden. Mir waren eis de Cours op Gaasperech am CNIS fir Iech ukucken.

De CGDIS bitt gratis Coursen uechtert d’Land un, fir d’Leit op den Eeschtfall virzebereeden. Kuerz net opgepasst a schonn ass d’Frittefett oder en elektreschen Apparat ze waarm ginn an huet Feier gefaangen. Wéi regéiert ee richteg an dëser Situatioun? An hätt Dir iwwerhaapt de passende Feierläscher fir verschidde Bränn doheem?

Do, wou soss d’Pompjeeën hir Asätz üben, gi reegelméisseg Coursë fir d’Bierger ugebueden. Mir waren zu Gaasperech am Centre Nationale d’Incendie et de Secours (CNIS) mat dobäi, wéi sech d’Participante fir de Cours “Brandausbréch am Haus” versammelt hunn.

An engem sécheren Ëmfeld kënnen si probéieren, wéi et ass e Feier ze läschen. Opgedeelt op zwee Deeg geet et als éischt 4 Stonnen an d’Theorie a fir 4 Stonnen an d’Praxis. De Cours ass gratis an op fir jidderee vu 14 Joer un.

Weider Informatioune fannt Dir op cours.cgdis.lu.

Back to Top
CIM LOGO