Um Donneschdeg ass an der Chamber eng ëffentlech Auditioun en Vue vum Consultatiounsdebat iwwert de Rifkin-Prozess. Déi Debatt ass Mëtt November.
Eng 40 Vertrieder vun der Zivilgesellschaft gi vun den Deputéierte gehéiert, dorënner och de Groupement Pétrolier. De President Romain Hoffmann war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. De Groupement Pétrolier gesäit de Rifkin-Prozess als eng positiv Saach, wëll konstruktiv matschaffen. Et wär natierlech e komplext Thema mat enger Visioun fir 2050, wou vill Froe sech nach géife stellen.
De Pëtrolssecteur ass ganz staark vun de Changementer betraff, dat weess de President vum Groupement Pétrolier. De Rifkin seet, datt d'CO2-Emissioune missten op null reduzéiert ginn, keng Zukunft also fir Bensin an Diesel. De Romain Hoffmann nuancéiert. Och wann d'Politik haut alles op d'Elektromobilitéit setzt, dat wier nach laang keng 0-Emissiounsmobilitéit. Et sinn natierlech 0 Emissiounen hannen um Auspuff, mä bei der Produktioun vun den Autoen an de Batterie ginn CO2-Emissiounen verbraucht.
Fir de Romain Hoffmann ass haut nach net gewosst, wou d'Zukunft läit. Hie gleeft zum Deel un den Elektroauto, nach méi un den Hybrid. Sécher wär, datt een net alles soll op eng Kaart setzen.
Haut ginn et 250 Milliounen Autoen an Europa, 900 Milliounen op der ganzer Welt. Och a Joerzéngten géif et nach de Verbrennungsmotore ginn, mengt de Romain Hoffmann. Nach hätt keen déi ideal Léisung fonnt. Sécher wär, datt een net alles soll op eng Kaart setzen.
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg ëm 10 op 8 war de Romain Hoffmann, President vum Groupement Pétrolier.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.