Invité vun der Redaktioun (18. Oktober)De Romain Schneider iwwert d'Quadripartite

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch um 10 op 8 war de Romain Schneider eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Robert Schneider
E Mëttwoch um 10 op 8 war de Romain Schneider eisen Invité vun der Redaktioun.

Um Mëttwoch kënnt Quadripartite beieneen. Am Virfeld dovunner war de Sozialminister Romain Schneider onsen Invité vun der Redaktioun. Hien huet confirméiert, datt hien de Sozialpartner eng Enveloppe vu ronn 25 Milliounen Euro wäert proposéieren, fir d'nächst Joer weider Prestatiounen, respektiv existent Prestatiounen auszebauen. An trotz dësen Depense wäert een d' Reserv weider kënne speisen, sou datt se 2018, bei 900 Milliounen Euro wäerte leien. Cotisatiounen erofsetzen, ass awer net geplangt, do wier ee sech eens.

D'Prestatioune sollen also verbessert ginn. Zum Beispill, soll de Remboursement beim Brëll komplett iwwerduecht ginn, souwuel wat den Delai fir en neie Brëll, wéi och wat d'Prise en Charge vun der CNS ugeet.

Allgemeng soll de Katalog vun de Bäihëllefen, d'Nomenclature, iwwerschafft an aktualiséiert ginn, well dëse wier effektiv vereelzt.

Déi verschidde Verbesserunge via Statutte kënne schonn den 1. Januar gëllen.

Wat d'Urgencen ugeet, do soll Enn dës Joers e klore Plang um Dësch leien, wéi een d'Waardezäite ka reduzéieren. Dofir solle Verbesserungen an de Beräicher Infrastrukturen, Personal an och Organisatioun kommen, versprécht de Sozialminister.

E Mëttwoch um 10 op 8 war de Romain Schneider eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO