Virtuelle Brëll als OflenkungDe "Roudy" hëlleft jonke Patienten beim Traitement

Christophe Hochard
Mat Hëllef vun engem virtuelle Brëll soll de jonke Patienten d'Angscht virum Traitement geholl ginn.
De "Roudy" hëlleft jonke Patienten beim Traitement
Mat Hëllef vun engem virtuelle Brëll soll de jonke Patienten d’Angscht virum Traitement geholl ginn.

Dëse Casque ass eng virtuell Spillplaz. Wärend d’Kand säin Traitement an der Kannerklinik kritt, leeft viru sengen A eng Geschicht. Haaptpersonnage ass de “Roudy”, e Léif. Hie begleet d’Patiente wärend hirem Traitement.

Dëse virtuelle Brëll riicht sech u Jonker tëscht 4 an 13 Joer. An dëse Casque kennt grousse Succès. Iwwer 1.000 Patienten hu vun dëser Hëllef bis ewell profitéiert.

D’Kannerklinik vum CHL huet aktuell eng fënnef där virtuell Brëller. Bei deene verschiddensten Traitementer gëtt dësen Outil agesat. Vu chronesche Krankheete bis iwwer Tumeuren.

D’Iddi vun dësem virtuelle Brëll kéint een nach ausbauen a kéint souguer bei eelere Leit agesat an ugepasst ginn.

Back to Top
CIM LOGO