Hei gëtt et vum Beate Klarsfeld eng op de Back fir den deemolegen däitsche Bundeskanzler Kiesinger, deen an der Zäit Member vun der NSDAP war. Et ass e Moment, dee Geschicht schreift.
“Mir hu probéiert, mat méi opfällegen Aktiounen, déi de Public wakereg maachen, ze kommen. De Kongress vun der CDU zu Berlin koum do wéi geruff. Ech hu mech eng Woch am viraus drop preparéiert. Souguer mat engem Journalist, dee mer sot wéi a wou ech géif erakommen. Datt e jonkt Däitsch der Nazi-Generatioun eng flätscht sollt symbolesch eriwwerkommen.”, erkläert d’Beate Klarsfeld hir Aktioun
Deemools konnt d’Beate Klarsfeld als Fransousin a Westberlin net verurteelt ginn. A Frankräich gouf et grad emol 4 Méint op Sursis. Déi nächst Jore geet d’Sich no NS-Verbriecher fir d’Koppel virun. Ënner anerem de Gestapo-Mann Klaus Barbie, de sougenannte “Schlächter vu Lyon” gouf a Bolivien entdeckt an u Frankräich ausgeliwwert. E grousse Succès ënner villen, wéi de Serge Klarsfeld erkläert: “Dee gréisste Succès war, datt esou vill Leit fir hiert Verhalen am Krich zur Verantwortung gezu goufen. Et goung och drëms iwwert ‘d’Solution finale’ a Frankräich opzeklären a wat mat de Judden do geschitt ass.”
D’Koppel bréngt no laange Recherchen e Buch eraus mat enger Lëscht vu 76.000 Deportéierte Judden a Frankräich. 1994 e Memorial mat 11.000 Nimm a Fotoe vu Kanner, déi zum Doud verurteelt goufen. Zanter Joren tourt d’Koppel duerch d’Welt, fir opzeklären. De politeschen Trend no riets mécht Suergen. Besonnesch well ëmmer méi Jonker dohannert stinn, sou d’Beate Klarsfeld:
“Et muss een erklären, datt déi radikal Riets ni eppes Guddes bruecht huet fir d’Leit. Éischter de Contraire. Vill vun hinne si Barbaren. Leit, déi der Welt méi Leed wëlle bréngen. Ech sinn 1939 op d’Welt komm. Ech hunn de Krich an d’Nokrichszäit materlieft. Eis geet et esou gutt ewéi nach ni. Dofir soll een de Rietse keng Plaz an Europa ginn.”
Wat déi leschten Deeg an Israel geschitt, wier grausam ze suivéieren a géif deels al Erënnerunge waakreg maachen, esou déi jiddesch Koppel:
“Wat hei geschitt, ass de Retour vun der Shoah op israeeleschem Buedem. Et ass evident, datt Israel net net reagéiere kann, géint e Feind, deen eng palestinänsesch Populatioun am Gaza als Geisel hält a gläichzäiteg d’Existenz vun engem israeelesche Staat refuséiert.”
Wat d’Zukunft bréngt bléift ongewëss. Ma et wënscht ee sech Fridden – op béide Säiten. Well de Verloscht vu Famillen a Leit, déi engem no stinn, ass e Gefill dat zerräisst. E Gefill un dat déi mannste sech mussen erënneren.