ArcelorMittalDe Stolproduzent rechent a ville Länner 2024 mat enger méi héijer Demande

RTL Lëtzebuerg
Och baussent China. Dat deelt ArcelorMittal um Donneschdeg hei zu Lëtzebuerg mat.

Virun allem an Indien wäert de Stolverbrauch tëscht 3 a 4 Prozent klammen. Bei villen anere Clientë géifen d’Stocken och esou lues eidel ginn, heescht et. D’Demande kéint nees klammen. Wéinst dem Ofbau vun dem gelagerte Stol, hat ArcelorMittal zejoert nämlech och manner produzéiert. Zesumme mat den däitlech méi niddrege Präisser hat de weltwäit gréisste Stolproduzent baussent China dowéinst manner Ëmsaz a Benefice.

68 Milliarden Dollar waren ageholl ginn. Eng Baisse vu 15 Prozent. De Gewënn war eng 90 Prozent op nach knapps 920 Milliounen agebrach. De Konzern versprécht sech fir 2024 deemno nees besser Resultater.

Back to Top
CIM LOGO