Endlech ass et esou wäitDe "Studio 2" geet en Donneschdeg op Sendung

Luc Marteling
An der éischter Emissioun vum "Kloertext"-Nofollger dréit sech alles ëm d'PISA-Resultater. Am Studio selwer gouf e Mëttwoch nach fläisseg gebéchst.

"Wou soll ech dann elo hikucken?" "Kanns du dech nach e bëssen dréien?" "Ass déi Luucht do net ze hell?" "An dat Bild hei net ze schaarf?" Vill Froe goufe sech e Mëttwoch de Mëtteg am News-Studio vun RTL um Kierchbierg gestallt. Do gi sech natierlech dagan, dagaus Froe gestallt, mee déi Kéier waren et der awer e gudde Batz méi wéi gewinnt ... an all hu se mussen eng Äntwert kréien, an zwar séier – well: D'Zäit leeft!

Am "Studio 2" vun der RTL-City goufen e Mëttwoch nämlech déi lescht Tester fir déi nei Talkronn op der Tëlee gemaach. Hiren Numm ass wéi hir Plaz: Studio 2! De Studio 2 ass domat den Nofollger vum Kloertext, dee jorelaang vum Caroline Mart presentéiert gouf. An d'Caroline Mart ass als Coach och bei der Gebuert vum Studio 2 derbäi, deen ofwiesselnd vum Claude Zeimetz a vum Pit Everling moderéiert gëtt.

Déi nei Studio 2-Presentateure stinn op der Säit, déi fréier Kloertext-Moderatrice steet hinnen zur Säit: d'Claude Zeimetz, d'Caroline Mart an de Pit Everling.
Déi nei Studio 2-Presentateure stinn op der Säit, déi fréier Kloertext-Moderatrice steet hinnen zur Säit: d'Claude Zeimetz, d'Caroline Mart an de Pit Everling.
© Nelson Cheung

Do, wou Lëtzebuerg debattéiert. Wat fir de Kloertext gegollt huet, ass och den Usproch vum Studio 2. E Raum schafen, fir ze diskutéieren, fir sech ze echangéieren an heiansdo och fir sech ze echaufféieren. E Safe Space, fir Argumenter auszetauschen, fir ënnerschiddlech Vuë mateneen ze konfrontéieren, einfach fir sech dem Debat ze stellen. An enger Zäit, an där ëmmer méi Leit hir Meenung léiwer op Plattformen ouni Géigeried erausposaunen, sinn esou Raim méi noutwenneg wéi jee. Am Idealfall eng Agora, e Forum, eng Plaz fir Dialektik.

Esou wäit d'Hoffnung fir d'Emissioun selwer. Déi éischt gëtt en Donneschdeg de Mëtteg opgeholl an en Donneschdeg den Owend nom Journal op der Tëlee gesent. Rendez-vous also géint 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an natierlech och op RTL.lu an op RTL PLAY. Den Optakt mécht d'Claude Zeimetz an de Sujet ass een, deen ewell fir vill Gespréich gesuergt huet: d'PISA-Resultater, absënns dat schlecht Ofschneide vun de Schüler zu Lëtzebuerg an deem internationalen Test.

Bekannt aus Journal a Magazin: D'Mauer, déi ee ka "bespillen", kënnt och am Studio 2 an den Asaz.
Bekannt aus Journal a Magazin: D'Mauer, déi ee ka "bespillen", kënnt och am Studio 2 an den Asaz.
© Luc Marteling

E Mëttwoch goung et am Studio 2 och ëm d'Léieren. Ëm d'Léieren, an engem fuschneien Dekor eens ze ginn. Virun an hannert de Kamerae goufe sech logescherweis nach vill ganz profan Froe gestallt: Wéi solle mer d'Gäscht virstellen? A wéi eng Kamera muss ech fir d'Begréissung kucken? A passen déi Faarwen oder ass dat ze onroueg?

Vis-à-vis vum bekannte Journal-Studio mat sengem markante wäisse Pult an der grousser digitaler Wand ka vun elo un nämlech "getalked" ginn: Dofir war an de leschte Méint extra eng Kuliss gebaut – an engem Look, deen d'Invitéen am Studio an d'Leit doheem virun der Tëlee oder um Smartphone oder Tablet soll à l'aise maachen. A beschtefalls och direkt als Studio 2 ze erkennen ass.

Eng 2 an engem roude Rondel: Wou dee Logo drop ass, ass Studio 2 dran.
Eng 2 an engem roude Rondel: Wou dee Logo drop ass, ass Studio 2 dran.
© Luc Marteling

Fir datt dat geléngt, gëtt bis op de leschte Stëppel geschafft, geléiert, gebéchst – PISA oblige! E Mëttwoch goufen an der Regie dann och nach e sëllegen Astellungen, Aspillungen, Faarwen, Mouvementer asw. probéiert, ugepasst, verworf oder fir gutt befonnt. Gefillt op allen Ecranen (an am Regieraum gëtt et der eng jett) housch et: Studio 2!

Wat finalement zeréckbehale gouf, gesitt Dir dann en Donneschdeg den Owend. Freet Iech drop. Mir freeën eis op Iech!

Back to Top
CIM LOGO