"Studio 2"PISA: Wéi komme mer endlech aus der Datz?

Claude Zeimetz
Dany Rasqué
"Mir musse PISA eescht huelen!" Dat ënnersträicht den Educatiounsminister an der Emissioun "Studio 2", der Nofollger-Emissioun vum Kloertext op der Tëlee.
PISA: Wéi komme mer endlech aus der Datz?

Fir de Minister ass kloer, datt net dono kéint eraus kommen, datt et bis op e puer kleng Korrekturen esou viru geet wéi bis elo. Pisa géif vill méi interpelléieren an dat muss mat afléissen.

Am Ufank vun der Emissioun huet d'Claude Zeimetz all d'Invitéë gefrot, an engem oder zwee Wierder eppes zu Pisa ze soen. Den Educatiounsminister hat geäntwert, et misst ee "genau hikucken".

Déi, ëm déi et eigentlech geet - d'Schüler - soe "komplizéiert". Op d'mannst seet d'Kate Weidokal dat.
Si ass op enger Première an ass ënnert anerem der Meenung, datt d'Resultater besser wieren, wann de PISA-Test géif zielen.

"Da géifen d'Schüler sech vläicht och e bëssen ustrengen, sech richteg preparéieren a léieren, well ech mengen déi meescht Schüler, déi an de PISA-Test gaange sinn, hu sech net immens vill Gedanke gemaach. Déi sinn do era gaangen an hu geduecht, si géifen dat elo séier schreiwen an da kéinte se an hir Paus goen".

D'Sabrina Mazzi ass zënter 10 Joer Presidentin vum Elterecomité am Lycée Guillaume Kroll. Eent vun hiren zwee Kanner huet de PISA-Test matgeschriwwen an nodeems si mat hirem Fils geschwat huet, confirméiert si dat, wat d'Kate Weidokal seet.

"Dat hat mech e bësse schockéiert. Hie sot: 'Et ass Zäitverschwendung, well et nëmme Geklicks ass'."
Den Educatiounsminister huet op déi Aussoe reagéiert a gesot, hie géif sech wënschen, datt d'Schüler sech méi ustrengen.

"Ech géif mer eigentlech wënschen, datt Jonker sech fir eppes engagéieren an net nëmmen dann eppes ginn, wa se dono an der Moyenne och eppes kréien. Mir bréichten eigentlech eng Schoul, déi motivéiert. Net nëmmen duerch Notten an duerch Punkten, mä well ee weess, firwat een et mécht."

De Michel Lanners, den Direkter vun der Hotelsschoul, gëtt dem Claude Meisch do Recht. Hien huet 17 Joer laang op engem héije Posten am Educatiounsministère geschafft a fënnt, datt eis dacks de "Goût de l'effort" feelt, wéi hien et nennt.

Et misst een och kucken, wat d'Essentials sinn, d'Programmer analyséieren a kucken, wat ee wierklech misst viru ginn. Manner wier heiansdo méi. A senger Zäit am Ministère huet de Michel Lanners Lëtzebuerg bei der OECD am sougenannte "PISA-Gouverning-Board" vertrueden. Hie stellt den Test net a Fro, fënnt et awer schued, datt eis Stäerkten nach ëmmer net géife consideréiert ginn. "Notamment déi Friemsproochkompetenzen, déi eis Schüler hunn. Ech fannen dat eng Schwächt vu Pisa."

Wann ee vun Essentials schwätzt, kléngt dat e bësse wéi "Back to Basics" an dat sinn haut anerer wéi virun 20 Joer, seet och de President vun der Feduse, de Raoul Scholtes, deen zënter 28 Joer Schoul hält. Et geet ëm d'Vir- an d'Nodeeler vun der Kënschtlecher Intelligenz.

"Fir dass d’Demokratie weider funktionéiert brauch een en denkende Bierger, wann d’Denken d’Léierziel ass an d’Léiermëttel KI, hëlt d’Denken of. Dat féiert net zum Ziel. Dat heescht mir mussen do, dat kann een elo nenne wéi ee wëll, Basics, wa vun de Grondrechenaarte bis zum Gronddenken, wann dat gestäerkt ass, da kann een d’KI wäertvoll a gewënnbréngend asetzen. Wann dat net do ass fir de Schüler, da knäipt e just mat der KI d’Hausaufgab."

Den Educatiounsminister Claude Meisch hat séier mam Fanger op den Handy gewisen, als ee vun de Schëllegen. Et wieren awer virun allem och Situatioune baussent der Schoul, doheem, déi eng grouss Roll géife spillen. D'Aktiounsfeld vun der Schoul wier dowéinst noutgedronge limitéiert. De Smartphone a Social Media misste limitéiert ginn, well et einfach net gutt wier fir déi Jonk. Dat géif an Tëschenzäit all Etüd soen a Pisa géif et och kloer weisen. Et misst een d'Elteren ënnerstëtzen awer och ganz kloer de Message formuléieren, datt de Smartphone hire Kanner net gutt deet.

"D'Erzéiung an d'Verantwortung läit nach ëmmer bei den Elteren", seet och d'Sabrina Mazzi, weist awer och drop hin, datt déi meescht Eltere missten zu zwee schaffe goen a wa se owes heem kéimen, wier bis dohinner keng Kontroll gewiescht, wat geschitt wier.

An awer spillen d'Elteren eng wichteg Roll. Den Andreas Schleicher, de Mister PISA, seet, et géif net just op de Salaire vun den Elteren ukommen, méi wichteg wier et de Kanner ze weisen, datt et hinne wichteg ass, wat si maachen.

Och den Educatiounsminister fënnt dat e wichtege Message. Elo géif et drëms goen, zesummen ze kucken, wéi ee kéint no vir kommen, ouni mam Fanger een op een aneren ze weisen.

Eis Invitéeë waren:

Claude Meisch: Den DP-Politiker steet lo schonn zanter 13 Joer un der Spëtzt vum Educatiounsministère, sou laang wéi soss nach kee Bildungsminister virdrun, huet vill an där Zäit ugepaakt an dacks och misse Kritik astiechen.

Michel Lanners: Direkter vun der Hotelschoul (EHTL), geléierte Sportsproff, war 17 Joer laang op héije Posten am Educatiounsministère an huet an där Zäit ënnert anerem Lëtzebuerg bei der OECD am sougenannte "Pisa-Gouverning-Board" vertrueden.

Sabrina Mazzi: Zanter 10 Joer Presidentin vum Elterecomité am Lycée Guillaume Kroll zu Esch. D'Mamm vun zwee Kanner hat och e Mandat an der éischter nationaler Elterevertriedung.

Raoul Scholtes: Hält zanter 28 Joer Schoul als Biosprofesser, de Gros dovunner am LCE zu Iechternach. Hie steet zanter 2017 un der Spëtzt vun der Proffegewerkschaft Féduse, déi an der CGFP affiliéiert ass.

Kate Weidokal: Zanter September op enger Première A-Mediesektioun am Lycée Robert Schuman an der Stad. Déi jonk Schülerin war zejoert och am Jugendparlament engagéiert.

Am Virfeld vun der Emissioun interesséiert eis och Är Meenung zu de PISA-Resultater

Back to Top
CIM LOGO