Kromm Geschäfter an der Gemeng Conter?De Wiessel vum CIGR-Syrdall zu ProActif gefällt net jidderengem

Marc Hoscheid
Am Joer 2019 gouf et eng Partie Virwërf wéinst den Aarbechtskonditioune beim CIGR-Syrdall, elo gëtt et de Reproche vun Interessekonflikter bei ProActif.
© RTL-Archiv

Sexuell Belästegung, Mobbing, Favoritismus an Aarbechten, déi vu Salariéë privat bei Membere vum Verwaltungsrot duerchgefouert goufen. Dat waren 2019 eng Partie vun de Virwërf géint Responsabeler vum CIGR-Syrdall.

D’Beschäftegungsinitiativ war 1998 vun de fënnef Gemenge Conter, Jonglënster, Nidderaanwen, Sandweiler a Schëtter zesumme mam Aarbechtsministère an d’Liewe geruff ginn. D’Virwërf goufen allerdéngs ni viru Geriicht opgeschafft, well d’Gemeng Conter, déi Plainte gemaach hat, dozou net berechtegt war. Trotzdeem hat d’Gemeng de CIGR-Syrdall als Reaktioun op d’Reprochë verlooss an huet spéider d’Déngschter vu ProActif an Usproch geholl. Virun de Gemengewalen hat eng Persoun d’Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng an der Beschäftegungsinitiativ zum Ulass geholl, fir der Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet an dem deemolege Schäffen Tom Jungblut op Facebook (ënnert anerem op der Säit vun der CSV-Conter) Interessekonflikter ze ënnerstellen. Si hätte sech mat Steiersue perséinlech beräichert. Seng Virwërf huet de Mann ëm eng ganz Rëtsch u Froen ergänzt. Hei d’Äntwerten op déi wichtegst:

Wéi vill Suen huet d’Gemeng Conter bis elo u ProActif iwwerwisen a wéi eng Servicer goufen dofir geleescht?

Conter schafft zanter dem 1. September 2020 mat der Beschäftegungsinitiativ zesummen. Tëscht 2020 an 2022 huet ProActif fir d’Gemeng a Gäert geschafft, Fléck- a Botzaarbechten duerchgefouert. Doriwwer eraus goufen de Service jardinage an de Service polyvalent beim Verdeele vu Flyeren ënnerstëtzt. Eng zweet Ekipp vu ProActif schafft am Bësch an hëlleft Brennholz a Coupen ze maachen. All déi Servicer hunn d’Gemeng am Ganze 537.547,67 Euro kascht.

Gëtt d’Marion Zovilé-Braquet als Member vum Verwaltungsrot vu ProActif finanziell remuneréiert?

Souwuel d’Buergermeeschtesch wéi ProActif stellen op Nofro hi kloer, datt d’Mandat am Verwaltungsrot net finanziell entschiedegt gëtt. Si ass zanter dem 26.05.2020 Member an deem Gremium.

Ass den deemolege Finanzschäffen Tom Jungblut, deen an der neier CSV-LSAP-Koalitioun net méi Member vum Schäfferot ass, bei ProActif ugestallt?

Jo, souwuel ProActif wéi d’Gemeng Conter confirméieren, datt den Tom Jungblut zanter dem 5. Oktober 2020 bei der Beschäftegungsinitiativ schafft. Dat als Member vum sougenannte Strukturpersonal, dat déi Leit, déi vun enger Aarbechtsmesure vun der ADEM profitéieren, beschäftegt a forméiert. Hie këmmert sech do ëm d’Sektioun “Production maraîchère”, also ëm de Geméisbau. Vun der Gemeng ass et d’Prezisioun, datt den Tom Jungblut ier hien d’Plaz ugeholl huet, den Avis vum Ministère de l’intérieur gefrot hat, wier deen negativ ausgefall, hätt hie säi Mandat als Schäffen néiergeluecht.

Besteet d’Méiglechkeet vun engem Interessekonflikt beim Tom Jungblut?

Der Gemeng no net. Zanter dem Oktober 2020 hätt hie kee Mandat de paiement oder Titre de recette méi als Finanzschäffen ënnerschriwwen a sech bei alle Votten, déi ProActif betraff hunn, enthalen.

Verlount den Tom Jungblut eegen Terrainen u ProActif?

Jo, den Tom Jungblut verlount 2,12 Hektar u säi Patron. Dëst Land kënnt aus dem Besëtz vun der Famill Jungblut. Et géing sech dobäi net ëm eng Sous-Locatioun vu Gemengenterrainen handelen. Et ass ze héieren, datt et dobäi ëm eng Zomm vun 1.000 bis 2.000 Euro goe soll, déi ProActif fir d’Notzung vun den Terraine bezilt.

Ass d’Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng a ProActif iwwerhaapt legal? De genannte Facebook-User behaapt, souwuel d’Buergermeeschtesch wéi och de Finanzschäffen hätten de 15.12.2021 (illegitimmerweis) um Vott fir eng nei Konventioun am Gemengerot deelgeholl.

D’Gemeng stellt kloer, datt et tëscht Abrëll 2020 an dem Vott vun den éischte Convocatioune véier Reunioune mat der Direktioun vu ProActif an de Gemengeservicer goufen. Am Mee 2020 gouf et donieft eng Aarbechtssëtzung mam ganze Gemengerot, an där d’Direktioun vu ProActif Ried an Äntwert stoung. Den 2. Juli gouf déi initial Konventioun, déi d’Modalitéite vum Service de proximité fir d’Bierger reegelt, ënnerschriwwen. An enger ëffentlecher Sëtzung vum 15. Juli 2020 gouf se vum ganze Gemengerot unanime ugeholl.

Parallel goufe Konventioune gestëmmt, déi d’Zesummenaarbecht vum Service polyvalent an dem Service forestier mat ProActif betreffen. Dës Konventioune ware just bis Enn 2020 gülteg a goufen an enger Séance publique vum 18. November 2020 unanime fir ee Joer verlängert. Den Tom Jungblut huet sech bei deem Vott, wéi vum Interieur gefuerdert, enthalen. Wat den Datum vum 15.12.2021 ugeet, ass um Site vun der Gemeng Conter an der Zesummefaassung vun där Sëtzung ze liesen, datt vun deenen 10 presente Conseilleren, der 9 fir eng Verlängerung vun der Konventioun gestëmmt an ee sech enthalen huet.

An der leschter Legislatur huet d’Gemeng Conter ronn 450 Ar Akerland kaaft, wéi héich waren d’Käschten a waren och Terraine vum Tom Jungblut derbäi?

Tëscht 2019 an 2022 huet d’Gemeng ronn 450 Ar Terraine fir 405.000 Euro kaaft. Dorënner ware keng Terraine vum Tom Jungblut oder engem Member vu senger Famill.

Back to Top
CIM LOGO