Entréesticket fir Kultur a Fräizäit?Debat iwwer Privileegie fir geimpfte Persounen

Pierre Jans
An Däitschland gëtt aktuell diskutéiert, ob Leit, déi sech impfe loossen, vu Privileegie profitéieren dierften.
Debat iwwer Privileegie fir geimpfte Persounen
An Däitschland gëtt aktuell diskutéiert, ob Leit, déi sech impfe loossen, vu Privileegie profitéieren dierften. Ob dat och zu Lëtzebuerg e Problem kéint ginn?

Nom Motto: D'Covid-Impfung als Entréesticket fir Reesen oder kulturell Evenementer. Ob dat och zu Lëtzebuerg e Problem kéint ginn, där Fro ass de Pierre Jans nogaangen.

Entrée just fir Geimpfter? Well jiddereen, dee sech net impfe léisst, eng potentiell Gefor duerstellt? Well der Weltgesondheetsorganisatioun no 60 bis 70 Prozent vun der Bevëlkerung sech mussen impfe loossen, fir dass d'Pandemie en Enn kritt?

A well een dovun – och zu Lëtzebuerg – nach wäit fort ass? Engem, wuel bemierkt net representativen Online-Sondage vun der Plattform Science.lu no, géife just 55 Prozent vun de befrote Residentë sech géint Covid impfe loossen.

Extra Rechter fir Geimpfter? Als Motivatioun, sech impfen ze loossen?

D'Fro geet per Mail weider un de Santésministère.

D'Äntwert: Lëtzebuerg géing virun allem op Sensibiliséierung setzen – Stand haut – wéilt een net op aner Moyenen zeréckgräifen, fir dass d'Leit sech impfe loossen. D'Participatioun wär gutt.

Fir Restaurateuren dierft et interessant kléngen. Endlech nees Mënschen am Buttek, awer nëmmen, wann se geimpft sinn. Ethesch wär dës Impfflicht duerch d'Hannerdier net ze vertrieden, soen déi Gréng.

Marc Hansen, Deputéierte vun déi Gréng: ''Wéi et um juristesche Standpunkt ass... dofir misst een en Avis juridique froen. Ass et gesetzlech machbar, dass en Employeur vum Salarié verlaangt, dass e sech impfe léisst oder dass e Kinosbesëtzer seet, dass een nëmmen erakënnt mat enger Impfung. Do besteet einfach de Risiko, dass Leit diskriminéiert ginn, an dass eng Gesellschaft mat zwou Klassen entsteet.''

Och d'CSV freet e juristeschen Avis fir Kloerheet. De Piraten no wär deen iwwerhaapt net néideg.

Sven Clement, Deputéierte vun de Piraten: ''A mengen Aen ass d'Gesetz zu Lëtzebuerg ganz kloer, dass een net dierf wéinst dem Gesondheetszoustand – do gehéieren d'Vaccinen dozou – diskriminéieren. Dat ass eng penal Infraktioun. Dat steet am Code penal. Dat ass kee Gesetz à part. Deementspriechend mengen ech, dass dat zu Lëtzebuerg net däerf gefuerdert ginn. Et däerf ee kee froen, fir an eng Disko eran, et däerf een net den Impfpass froen, fir an e Restaurant eran. Wien dat mécht, muss mat Strofe rechnen.''

Dräi Haaptargumenter géint Privileegie fir geimpfte Persounen

Éischtens: Net jidderee ka scho gesprëtzt gi wéinst dem Manktem u Vaccin.
Zweetens: Net jidderee ka jee geimpft ginn, aus medezinesche Grënn.
Drëttens: Kloer ass och net, ob Geimpfter de Virus net awer kënne weiderginn.

Normalitéit fir geimpfte Persounen: Wat méi Vaccinen disponibel sinn, wat dës Diskussioun méi haart gëtt a sech méi op Leit fixéiert, déi sech géint eng Impfung entscheeden. A Spuenien ginn déi Persoune scho registréiert.

Back to Top
CIM LOGO