Police-Schüler net fir Examen zougeloossDecisioun vum Etienne Schneider um Verwaltungsgeriicht annuléiert

RTL Lëtzebuerg
Um Verwaltungsgeriicht huet e Mann a sengem juristesche Sträit mam Etienne Schneider an 1. Instanz Recht kritt.

Den Tribunal administratif huet dem Mann säi Recours nämlech als justifizéiert ugesinn an dowéinst eng Decisioun vum Minister fir bannenzeg Sécherheet vu Juni 2017 annuléiert. De Staat muss dem Mann och eng Indemnité de procédure vu 750 € bezuelen a fir d'Fraisen opkommen.
De Mann hat gefrot, fir am Juli 2017 bei der "Épreuve de sélection" kënne matzemaachen, fir zur Basisformatioun als Policeinspekter zougelooss ze ginn. Am Juni 2017 war awer e Refus vum Minister komm.

De Mann géif déi néideg moralesch Virbedéngungen net matbréngen, well hien am Mäerz 2013 ouni Führerschäin an ouni Versécherung gefuer wär an d'Vitesse bannent enger Uertschaft net agehalen hätt, war d'Begrënnung. Hie wär mat 57km an der Stonn amplaz den erlaabte 45 mat engem Vëlosmotor ugehale ginn.

De Mann war 3 Deeg drop op d'Verwaltungsgeriicht gaangen, fir déi Decisioun annuléiert ze kréien. De President vum Tribunal administratif hat him 4 Deeg dono provisoresch erlaabt, fir bei där Epreuve dobäi ze sinn.

D'Affekotin vum Mann hat an der Sëtzung erkläert, dass hire Client den Examen, ëm deen et goung, gepackt hätt an an der Policeschoul säin zweet Joer maache géif. De Minister hätt säi Refus awer nach ëmmer net zréckgezunn, trotz der Ordonnance vum Verwaltungsgeriichtspresident.

D'Vertriederin vum Staat hat gemengt, d'Regierungssäit géif déi Decisioun net zréckzéien. De Mann hat an der Sëtzung zouginn, dass hie wéinst de Faite vun 2013 zu enger Geldstrof vu 600 € veruerteelt gouf. Zu där Condamnatioun wär et awer wéinst dem Fueren ouni Führerschäi komm, an net wéinst Fueren ouni Assurance oder ze séierem Fueren.

D'Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass d'Verhale vum Mann wuel eng Liichtsënnegkeet duerstellt, déi ze kritiséiere wär. Dat wär awer en Eenzelfall am Alter vun 19 Joer gewiescht an d'Decisioun vum Minister méi wéi 4 Joer dono geholl ginn.

Well keng aner Reprochë virléichen, wären d'Feststellungen am Procès-verbal vun der Police vun 2013 kee Grond, fir dem Mann seng moralesch Qualitéiten haut a Fro ze stellen. Et léich eng offensichtlech "Erreur d’appréciation" vum Minister vir, a seng Decisioun wär dowéinst z'annuléieren.

Well de Staat drop gehalen hätt, dass d'Affär op d'Geriicht kéim, hätt de Mann och eng Indemnité de procédure vu 750 € zegutt.

Back to Top
CIM LOGO