VIDEO: Stater GemengerotDeel vu Quartier leschte Steiwer soll verschwannen

Maxime Gillen
Et solle Plaz fir ronn 200 Wunnengen, Butteker a Büroe gemaach ginn.
VIDEO: Deel vu Quartier leschte Steiwer soll verschwannen
Et solle Plaz fir ronn 200 Wunnengen, Butteker a Büroen gemaach ginn.

„Dëse Projet kann deem Quartier nëmme Gutts doen“, esou déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polver. E Méindeg de Mëtteg am Gemengerot. Riets goung vum Quartier ëm de leschte Steiwer tëscht der Bouneweger Schwämm an dem Pont Büchler. En Deel dovu soll elo komplett verschwannen a Plaz maache fir ronn 200 Wunnengen, Butteker a Büroen. An dat géif dem Quartier, wou am Dag vill Drogenofhängeger a Sans-Abrisen sech ophalen, eng nei Nues ginn, esou de Konsens am Conseil. De Projet gesäit awer och eng nei a wahrscheinlech wéineg befuere Strooss vir, wou misst opgepasst ginn, wéi dës amenagéiert gëtt, esou d'Tanja De Jager vun der DP.

„Well et ginn ëmmer méi Awunner an deem Quartier, déi virun hiren Terrain Gittere setzen, fir dass déi Leit, déi sech de ganzen Dag do ophalen, net op dee Privatterrain kommen an dee verknaschten. Ausserdeem sinn et net nëmmen déi privat Terrainen, déi verknascht sinn, mä och nach déi ganz Stroossen, wou zwar e bëssen eppes gemaach gëtt vun der Stëmm vun der Strooss, mä ech fannen do ass nach ganz vill ze schaffen. Awer ech fannen et e ganz flotte Projet fir deen Eck eben och eng Kéier méi schéin ze maachen.“

De PAP vum Dernier Sol gouf ugeholl mat de Stëmme vun DP an CSV.

Ee weidere Sujet e Méindeg am Stater Gemengerot war de Carsharing-Service Carloh. Well d'Kapital vun 1,5 Milliounen Euro vill méi séier opgebraucht war wéi virgesinn, huet de Conseil enger Kapitalerhéijung vun 2,86 Milliounen Euro zougestëmmt. U sech war den initiale Budget vun annerhallwer Millioun op 10 Joer ausgerechent, allerdéngs bannent kierzter Säit opgebraucht. D'Käschte chiffréiere sech all Joer op 500 bis 600.000 Euro. De System soll iwwerdeems nach weider ausgebaut ginn. Aktuell läit d'Zuel vun den Abonnenten bei 630. Si soll awer bis op 3.000 klammen. An Zukunft sollen donieft och nach méi Entreprisen ugesprach ginn fir vum Carloh ze profitéieren. D'Zuel vun den Autoen gëtt vun aktuell 17 op 52 eropgesat.

Back to Top
CIM LOGO