VermësstemeldungDéi 49 Joer al Alten Ajdarpasic gëtt nach ëmmer vermësst

RTL Lëtzebuerg
Déi 49 Joer al Fra gëtt zanter dem 26. August vermësst a gouf fir d'lescht mëttes zu Esch/Lalleng gesinn. D'Fra ass op medezinesch Hëllef ugewisen.

D’Fra ass vu kräfteger Statur, tëscht 1,60 an 1,65 Meter grouss an huet blond schëllerlaang Hoer a gréng Aen.

E Mëttwoch huet d’Police d’Vermësstemeldung nach emol widderholl, well d’Fra nach ëmmer net konnt fonnt ginn. All Informatioune si fir d’Police vun Esch um Telefon (+352) 244 50 1000 oder via Email op police.esch@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO