Et geet haaptsächlech ëm Sprëtzen, déi den Zockerspigel am Blutt regulariséieren. Mee dës Medikamenter bremsen och den Appetit, sou dass een u Gewiicht verléiert. Och wann een ee Rezept dofir brauch, ginn dës Mëttelen ëmmer méi dacks vu Persoune geholl, déi net krank sinn, mee einfach wëllen ofhuelen. D’Firme kommen net méi no mat produzéieren.
Et ass ee vun den typesche Virsätz fir d’neit Joer. E puer Kiloe verléieren an dem Wanterspeck, deen ee sech iwwert d’Feierdeeg ugeluecht huet, lass ginn. Well Sport a méi gesond Iessen awer vill Disziplin verlaangen, gräifen ëmmer méi Leit op Medikamenter zréck, zum Beispill op Mëttel, déi eigentlech fir Diabetiker entwéckelt goufen. Déi si mëttlerweil esou beléift, dass et Enkpäss bei der Liwwerung ginn a Patienten, déi chronesch zockerkrank sinn, fäerten, dass se hiert Traitement mussen ëmstellen.
Et ass net esou, dass déi genannt Diabetes-Injektiounssticke guer net méi ze kréie sinn, mee ebe limitéiert. Et kéint een de Patienten och Alternativen, zum Beispill a Form vu Pëllen, ubidden, mee d’Zil sollt et sinn, datt déi, déi d’Sprëtze wéinst hirer Erkrankung huelen, dësen Traitement, wa se e gutt verdroen, och net mussen ophalen oder ëmstellen.