Wärend der PandemieDéi Gréng froen nohalteg Investitiounen a Verhandlungen

Claudia Kollwelter
Mir brauche Visiounen, Ambitiounen an Investitiounen. Dat hunn d’Parteipresidente vun déi Gréng en Donneschdeg via Videokonferenz betount.
Déi Gréng froen nohalteg Investitiounen a Verhandlungen
Mir brauche Visiounen, Ambitiounen an Investitiounen. Dat hunn d’Parteipresidente vun déi Gréng en Donneschdeg via Videokonferenz betount.

Déi Gréng froen nohalteg Investitiounen / Rep. C. Kollwelter

Et wier elo wichteg, datt intelligent an och nohalteg géif investéiert ginn, dat huet de Christian Kmiotek ënnerstrach. Um Niveau vum ëffentlechen Transport, der Elektromobilitéit oder awer och der Ëmwelt, an och an den Naturschutz misst weider investéiert ginn.

De Christian Kmiotek: "Wien nämlech mengt, nodeems vill Geld un d'Entreprisen an d'Leit verdeelt gi wären, et misst een dat Geld esou séier wéi méiglech asammelen, dee mécht e ganz grave Feeler. Wa kuerzfristeg déi ëffentlech Hand erëm géif spueren, da géif se d'Kris just verschäerfen an d'Stéit an d'Austeritéit dreiwen."

Et géing elo drëm goen, déi kuerzfristeg konjunkturell Stabiliséierung an déi laangfristeg Entwécklung vum Aarbechts- , Liewens- a Gesellschaftsmodell zesummen ze bréngen:

De Christian Kmiotek: "De Staat muss de Lead huelen an deem Transformatiounsprozess an de Leit an de Betriber behäerzt ënnert d'Äerm gräifen. An ech denken, datt d'Corona-Kris och bewisen huet, datt am Géigesaz zur iwwerdriwwener Privatiséierung, e staarken a solidaresche Staat kee Luxus ass, mä bluttnoutwenneg."

D’Regierung misst an den Ae vun déi Gréng ufänke mat den Nopeschlänner am Kontext vum Teletravail ze negociéieren, fir datt d’Frontalieren och an Zukunft vun dëser Méiglechkeet profitéiere kéinten.

De Christian Kmiotek: "Se huet jo elo an der Urgence schonn d'Duebel-Besteierungsofkommes esou ofgeännert, datt wärend der Corona-Kris d'Frontaliere méi Deeg am Teletravail maachen. Ech denken, datt dat en Zukunftsmodell kéint sinn. An da muss ee kucken, wat kann d'Contrepartie sinn. Mir hu jo schonn direkt Investitioune gemaach, déi Säit vun der Grenz a konkret Projeten. Vläicht muss een och driwwer nodenken, ob et net sënnvoll ass, vläicht en Deel vun eise Steierrecettë mat eise Nopeschlänner ze deelen, fir a Contrepartie eis Infrastrukturen z'entlaaschten an den Teletravail méiglech ze maachen."

Donieft, wëll d’Partei den ëffentleche Wunnengsbau undreiwen. D’Prioritéit vum Staat misst beim Schafe vun engem nohaltege Wunnengsraum leien, dee laangfristeg bezuelbar bleift.

Déi Gréng wëllen och den EU "Green Deal" virun dreiwen. Dës Strategie soll Europa bis 2050 CO2-fräi maachen. Domadder kéinte sech all d’EU-Länner am europäesche Bannemaart nohalteg entwéckelen. Op europäeschem Niveau misst een awer elo zesummen een Effort maachen, fir d’Strategie ëmzesetzen.

Wat eise Gesondheetssecteur a -system ugeet, huet d'Djuna Bernard betount, datt een eng Reform vun den Ausbildungen fir d'Fleegepersonal brauch.

D'Djuna Bernard: "Alleguer déi Studiegäng, déi de Moment maximal op e BTS-Niveau kommen, mussen op e Bachelor-Niveau bruecht ginn. Et geet hei drëms, de Studiegang interessant kënnen ze maachen an e wäertschätzen."

Déi Gréng Parteipresidentin huet ënnert anerem ënnerstrach, datt een de Medezinstudium hei am Land ausbaue misst, datt Lektiounen aus der Telemedezin misste gezu ginn, an datt een op EU-Niveau e Gesondheetscorps bräicht, deen a Krisefäll kéint zesumme geruff ginn.

PDF: Schreiwes Déi Gréng

Back to Top
CIM LOGO