Serie Mérite Jeunesse 2023 (4)Déi Jonk goufe fir hiert Engagement ausgezeechent

Philippe Dondelinger
Et war en onvergiessleche Moment d'lescht Woch fir iwwer 200 Schüler aus dem Enseignement.
Ofschluss vum Mérite de Jeunesse
Sech engagéieren, sozial , sportlech a kënschtleresch, fir all dëst goufen d’Schüler, déi sech beim Mérite Jeunesse ugemellt haten, um Geesseknäppchen geéiert.

Méintelaang bis zu Joren hu si dräi Voleten ëm eng Expeditioun erfëllt an hu sech domadder de Mérite Jeunesse verdéngt. Héchstperséinlech a vu gläich zwee Prënzen, dem Ierfgroussherzog Guillaume a sengem Monni Prënz Guillaume kruten d’Schüler vun hinnen den Diplom iwwerreecht.

Sech engagéieren, sozial , sportlech a kënschtleresch, fir all dëst goufen déi Schüler, déi sech beim Mérite Jeunesse ugemellt haten, um Geesseknäppchen geéiert.

Méintelaang, ma och bis zu e puer Joer, hunn déi Jonk sech intensiv investéiert. D’Dauer hänkt dovun of, ob ee sech fir den Niveau Bronze, Sëlwer oder Gold ugemellt hat. Deemno konnten der och e puer vun hinnen hir Erfarungen mam Public deelen. Et war fir si all eng Erfarung am Liewen, déi se net méi mësse wëllen. Vill Jonker hunn an deene Méint oder Joren, wou si hir dräi Voleten erfëllt hunn an hir Expeditioun maachen, Aspekter vum Liewen entdeckt , déi si virdrun nach net kannt hunn. Jiddereen huet hei positiv Erfarunge gesammelt, ob beim Benevolat, op hirer Rees oder bei soss enger Aktivitéit , déi si sech erausgesicht haten. Empathie géintiwwer eise Matmënsche spillt hei eng grouss Roll.

Déi meescht wäerte sech elo schonn fir déi nächst Editioun umellen.

Serie Mérite Jeunesse 2023 (1): Portrait vum Shemsy Badr
Serie Mérite Jeunesse 2023 (2): Portrait vum Monica Marthinho
Serie Mérite Jeunesse 2023 (3): Portrait vum Olivier Huot

Back to Top
CIM LOGO