NationalkongressDéi Konservativ triede bei de Gemengewalen an zwou Süd-Gemengen un

RTL Lëtzebuerg
Zu Déifferdeng a Péiteng wëll d'Partei komplett Lëschte presentéieren.
Déi Konservativ triede bei de Gemengewalen 2023 un
Fir d’Gemengewalen d’nächst Joer wëllen déi Konservativ an 2 Süd-Gemengen untrieden. Zu Déifferdeng an zu Péiteng wëll ee komplett Lëschte presentéieren.

Bei de Chamberwalen am Oktober géing ee sécher nees am Süden untrieden. Et géing een dës Kéier awer och versichen an deenen aneren 3 Walbezierker genuch Kandidaten ze fannen, fir komplett Lëschten opzestellen. Déi Konservativ ware bei de leschten Nationalwale just am Süde mat enger Lëscht ugetrueden an do op 0,52 Prozent vun de Stëmme komm.

Un der Spëtzt vun de Konservative steet de Joe Thein. De Parteipresident huet a senger Ried d’Regierung schaarf kritiséiert. E Politiker misst virop e Patriot sinn, Lëtzebuerg misst un éischter Plaz kommen, esou de Joe Thein. Dës Prinzippie géing déi aktuell Koalitioun net respektéieren.

Back to Top
CIM LOGO