FJSLDéi nächst Generatioun u Fuerscher ass prett

RTL Lëtzebuerg
Jonk Fuerscher tëscht 11-21 Joer stellen dëse Weekend hiren eegene Projet vir, mat deem si, nieft enger super Erfarung, och flott Präisser gewanne kënnen.
Déi nächst Generatioun u Fuerscher ass prett
Jonk Fuerscher tëscht 11-21 Joer stellen dëse Weekend hiren eegene Projet vir, mat deem si, nieft enger super Erfarung, och flott Präisser gewanne kënnen.

D’Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg feiert dëst Joer hiren 51. Anniversaire. Et ass eng Organisatioun, déi jonk Fuerscher motivéiert, fir an den Naturwëssenschafte weider z’experimentéieren an hir Resultater dann duerch verschidde Projete wärend engem Concours ze presentéieren. Déi bescht Projete ginn ausgezeechent a ginn op Concoursen an d’Ausland geschéckt, wat fir déi jonk Fuerscher eng grouss Chance ass.

Mir ware kucken, wat et dëst Joer Neies bei der Fondatioun gëtt an hunn och ee vun de jonke Fuerscher kennegeléiert.

De Weekend ass hire Concours, bei deem déi jonk Fuerscher hir Projeten op der Bün virun engem Experte-Jury presentéieren. Op RTL.lu gëtt dat och iwwerdroe vun e Freideg de Moie 9.15 Auer un.

Méi Informatioune fannt Dir hei:

https://www.rtl.lu/news/national/a/1877431.html

https://fjsl.lu/

Back to Top
CIM LOGO