
Den Impakt vun der Pandemie mécht sech dem Statec no an allen Secteuren, wéi dem Commerce, der Konstruktioun an dem Transport bemierkbar, wou eleng am Horesca-Domaine am Abrëll de Chiffre d'Affaires ëm 70% an der Jores-Variatioun gefall wier.
Iwwerdeems et zejoert am Ouschtermount eng 80.000 Arrivéeën an Hoteller goufen, war dee Chiffer quasi Null am Covid-Joer. Op d'Joer gekuckt rechent de Statec, neiste Berechnungen no, mat engem Wuesstemsréckgang vu 5%. D'Reprise nächst Joer gëtt aktuell op ronn 7% geschat, sou datt de Wuesstem am Verglach bei ronn 2% läit.
Wann awer nach méi restriktiv Anti-Covid-Mesurë kommen, verstoppt de Statec net, datt des Previsiounen nees méi negativ ausfale wäerten. Rieds geet vun engem kuerzen ekonomesche Schock, mee deen hefteg wier.
Den CSV-Deputéierten Gilles Roth:
"Deen ass geschat op dëst Joer manner staark, wéi en nach war am Summer. Dat ass eng positiv Noriicht, allerdéngs ass d'Konterpartie, dass dem Statec no de wirtschaftlechen Opschwong dat anert Joer och manner staark ass. Dat heescht, dass mer vun enger V-Kurv éischter an eng U-Kurv kommen. Et muss een awer wëssen, dass mer iwwert déi nächst zwee Joer da praktesch erëm op den Niveau komme vun 2019, wat mer an de leschte Joren natierlech net kannt hunn."
D'CSV huet an der Kommissioun och eng Fro iwwert d'CO2-Steier opgeworf, déi jo vum 1. Januar u kënnt.
Am Finanzministère geet een dovunner aus, datt déi 150 Milliounen Euro bréngt, minus 40 Milliounen, déi manner duerch den Tanktourissem erakommen a Minus 50 Milliounen duerch de Crédit d'Impot.
De Statec mécht do eng aner Rechnung a kënnt zur Conclusioun, datt um Enn, näischt méi ënnert dem Stréch iwwereg bleift.
D'CSV hätt do gäre Kloerheet an de Statec huet der Budgets- a Finanzkommissioun dofir och weider Informatioune versprach.

Vun den Deputéierten op d'Zuel vun Faillitten ugeschwat, déi et duerch d'Pandemie goufen, woussten d'Statec-Leit nach keng konkret Zuelen ze nennen; et wier een awer amgaangen, dës Statistiken ze sammelen, mä et wier nach ze fréi, fir Conclusiounen ze zéien.
