D’CSV an DP hu bannent hiren éischte sechs Wochen an der neier Regierung schonn eenzel Mesuren decidéiert, mee déi richteg Aarbecht steet eréischt un.
Am Presseclub hu mir eis Journalistekolleegen gefrot, op wat ee sech déi nächst 12 Méint – ausser vill Aarbecht fir eis – muss astellen. Wat sinn d’Prioritéiten an a wéi engen Dossiere riskéiert et am meeschte Sträit ze ginn?
Et war d’Woch, an där d’Ministeren den Deputéierten hire Regierungsprogramm presentéiert hunn.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d’Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den “Emissiounen” fannt.