Op enger Pressekonferenz gouf kloer kritiséiert, datt déi schwaarz-blo Regierung op enger eesäiteger Schinn ënnerwee wier.
Schonn eleng datt d’Gewerkschaften, déi grouss ëffentlech Wunnengsbaugesellschaften an de Mieterschutz net mat op deem Dësch souzen, géif dem Sam Tanson no weisen, datt ee just an eng Richtung wëll goen:
“Virun allem a Richtung Investisseuren, Promoteuren, Ekonomie a manner sech konzentréiert op déi, di d’Wunnengen brauchen!”
Déi meescht Mesuren, déi vun der neier Regierung presentéiert goufen, wiere keng nei a géifen de strukturelle Problem net léisen, bedaueren déi Gréng. Dem François Bausch no brauch een e klore Plang fir déi nächst 15 bis 20 Joer:
Ech géing et en nationalen Investitiounsplang nennen, fir ëffentleche Wunnraum ze schaffen. Wou genee gekuckt gëtt, wou de Manktem am Land am gréissten ass. Mir hunn déi Chiffere fir ze kucken, wou et Defiziter ginn a wou déi meescht Potentialer sinn. Wou entstinn d’Aarbechtsplazen, wou wunnen d’Leit?
De Staat, d’Gemengen an d’ëffentlech Bauträger missten da par Rapport zu deem Plang ëffentlech Wunnenge schafen. Dat géif wuel Investissementer a Milliardenhéicht verlaangen, déi deene Gréngen no ënnert anerem duerch eng Steier op Haiser, déi eidel stinn, finanzéiert ginn, awer och eng méi héich Besteierung fir d’privat Investisseuren. De Fabricio Costa nennt e Beispill:
Am Fall vun engem Terrain, dee sech am Perimeter befënnt an um kommunale Plang decidéiert gëtt, datt méi ka gebaut ginn wéi virdrun. De Wäert vum Terrain geet erop, de Promoteur, Investisseur mécht also méi Gewënn. Dofir huet hien awer kee Merit huet. En Deel vun deem Profit soll genotzt ginn fir ëffentlechen a bezuelbaren Wunnraum.
Déi Gréng loossen dann och net gëllen, datt déi aktuell Regierung den Natur- an Ëmweltschutz als Excuse hëlt fir d’Baukris. Dem François Bausch no misst ee sech vill méi op Gemengeprozeduren an hir Autonomie konzentréieren, déi vill méi dacks dofir suergen, datt een net viru kënnt am Wunnengsbau.