
E Méindeg de Mëtteg komm vun der Police dunn d'Info, datt déi presuméiert Täter iwwer de Weekend konnten identifizéiert ginn. Leit aus der Bevëlkerung hate sech bei der Police gemellt an déi Hiweiser hunn d'Police op d'Spur bruecht.
Den Zeienopruff ass also opgehuewen, d'Enquête geet awer weider.
E Samschdeg de Mëtteg géint 16 Auer krut d'Police vun Esch en Noutruff, well an der Rue Xavier Brasseur en Tubaksbuttek iwwerfall gi war.
Zwee jonk Männer, déi vermummt waren, ware mat béisen Intentiounen an d'Geschäft gaangen: Deen een huet d'Employée mat enger Schosswaff menacéiert, deen aneren ass hannert d'Théik bei d'Kees gaangen an huet d'Sue vum Dag geklaut.
No der Dot hu sech béid Täter duerch d'Bascht gemaach a sinn duerch d'Rue Zenon Bernard a Richtung Post geflücht.
Déi zwee Männer hate schwaarz Händschen un an hu Franséisch ouni Accent geschwat.