Useldeng-IewerlengDéidleche Verkéiersaccident e Méindeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Eng jonk Automobilistin hat d'Kontroll iwwert hiren Auto verluer an ass iwwert d'Géigespuer ewech an e Bam gerannt.
© Domingos Oliveira / RTL

Fir déi jonk Fra vun eréischt 18 Joer, déi eleng am Gefier souz, sollt all Hëllef ze spéit kommen. Den Noutdokter konnt just nach den Doud feststellen.

D’N22 war deels bis an d’Nuecht era gespaart.

De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police gouf mat enger Enquête chargéiert.

Nieft dem Samu war eng Ambulanz vu Lëntgen op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Réiden an Useldeng.

Weider Accidenter

Uerg blesséiert gouf dann e Méindeg um kuerz no 18 Auer schonns e Foussgänger, deen zu Miersch op der Areler Strooss ugestouss gi war. Hei waren d’Secouriste vu Miersch, Colmer, Lëntgen an och de Samus-Noutdokter am Asaz. De Mann koum no enger 1. Behandlung op der Plaz an d’Spidol bruecht, wou hie misst noutoperéiert ginn. Déi genee Ëmstänn vum Accident mussen nach gekläert ginn.

Kuerz no 21 Auer huet et op der A3 gerabbelt. Hei hat en Auto sech iwwerschloen. Eng Persoun gouf liicht verwonnt. D’Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO