
Den Auto krut d'Begrenzung tëscht der Opfaart fir op d'Escher A4 an der Sortie fir an de Rond-point Märel frontal ze paken. Wéi et zum Accident komm ass, ass bis ewell net gekläert.
Déi riets Spur an d'Sortie fir an de Rond-point Märel waren zäitweis komplett blockéiert.
Fir de Chauffer, e 70 Joer ale Lëtzebuerger aus der Stad, koum trotz Reanimatiounsmoossnamen all Hëllef ze spéit.
De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op d'Plaz geruff.
Géint 12 Auer gouf d'Streck nees fir den Trafic fräiginn.