Auto ass vu Strooss ofkommDéidlechen Accident zu Pënsch an der Géigend vu Wëlwerwolz

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moie koum et um 10.45 Auer zu Pënsch an der Géigend vu Wëlwerwolz zu engem déidleche Verkéiersaccident.
© Domingos Oliveira/RTL

D’Police confirméiert een Doudegen, wéi en Auto bei der Pënschterbréck an enger Kéier vun der Strooss ofkomm ass. Den CR324 ass bei Pënsch gespaart.

De Chauffer hat an enger Rietskéier aus bis elo ongekläerte Grënn d'Kontroll iwwer säi Won verluer an ass du lénks iwwer d'Leitplanke geflunn. E puer Meter weider ass den Auto an der Baach gelant. De 47 Joer ale Chauffer ass nach op der Plaz u senger uerge Blessure gestuerwen.

De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO