
Op der Zuchstreck vu Lëntgen Direktioun Miersch hat géint Hallefnuecht een Zuch eng Persoun ze pake krut. Wéi d'Police elo matdeelt, hätten d'Rettungsdéngschter nach just den Doud vun där betraffener Persoun kënne constatéieren. Ee Friemverschëlden gëtt ausgeschloss.
Am Bulletin vum CGDIS hat et um Mëttwoch de Moien nach geheescht, d'Persoun wier blesséiert ginn. Op der Plaz waren de Samu vun Ettelbréck an d'Ambulanz vu Lëntgen souwéi d'Rettungsdéngschter vu Luerenzweiler a Miersch.
An der Avenue Kennedyum Kierchbierg waren en Dënschdeg den Owend kuerz no 23 Auer zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.
Um Houwald an der Rue des Scillas war eng Persoun op enger Trottinette ugestouss ginn. Och si gouf blesséiert an ee Blesséierte gouf et an engem Accident géint 19 Auer op der A1 Direktioun Stad tëscht Fluessweller a Mënsbech. Zwee Ween hate sech ze pake krut.