Um Mëttwoch de Mëtteg gëtt an der Chamber dat neit Déiereschutzgesetz gestëmmt.
De Rapporter vum Projet , den DP-Deputéierte Gusty Graas, schwätzt vun engem grousse qualitative Sprong an der Legislatioun.
D'Déiere kréien also Rechter bäi, esou den Invité vun der Redaktioun, dëst z.B. wat d'Haltung ubelaangt. Et ginn och nach groussherzoglech Reglementer ausgeschafft. All d'Leit déi Déieren halen, musse sech an Zukunft u méi streng Reegelen halen.
Et däerfen zum Beispill keng Déiere gehale gi mat der Intentioun fir Pelz ze verkafen, bei Amputatioune muss eng Anästhesie gemaach ginn, dat ass e weidere Changement. Wëll Déieren an engem Zirkus sinn och net erlaabt.
De Gusty Graas seet weider, datt mam neie Gesetz en avertissement taxé agefouert gëtt. Dee kann och scho bei engem minimale Verstouss gemaach ginn. D'Strofe kënne bis zu 200'000€ goen. Och d'Prisongsstrofe goufe verschäerft. Wann ee sech falsch verhält, riskéiert ee bis zu 3 Joer Prisong.
D'Gesetz bezitt sech just op Wirbeldéieren.
D'Fëscher an d'Jeeër fale weiderhin ënnert déi Gesetzgebung, déi fir si virgesinn ass.
Et ass dann och verbueden am Besëtz vu gewëssen Déieren ze sinn a jiddereen, deen en Déier huet, muss verschidden Obligatioune respektéieren, zum Beispill wat d'Fidderen, d'Verfleegung an déi adequat Soinen am Fall vu Krankheet oder Blessure betreffen.
Den zoustännege Ministère hätt iwwerdeems eng Campagne virgesinn, fir de grand public iwwer d'Changementer ze informéieren.
Invité vun der Redaktioun um Mëttwoch war de Rapporter vum Gesetzprojet iwwer den Déiereschutz.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren